3 Froen un d’Viviane Loschetter, Rapportrice vum Zukunftspak

Archive

18. Dezember 2014

Dir sidd Rapportrice vum „Zukunftspak“. Dat ass nieft dem Budgetsgesetz eng ganz nei Approche. Wat ass den Enjeu an d’Plus-value dovunner?

Viviane Loschetter: Di nei Approche vum Zukunftspak ass virun allem eng breed a gemeinschaftlech Aarbecht vun alle Ministèren, mam Ziel Weeër ze fanne wéi de Staat méi effizient a méi einfach kéint schaffen; fir systematesch all eenzel Ausgaben op hiren Notzen an hier Zweckméissegkeet ze iwwerpréiwen. Nach ni virdun hat eng Regierung geschlossen de politesche Courage fir esou eng Demarche ze maachen an esou een Zukunftspak ze presentéieren. Déi 258 Mesuren déi festgehale goufen, hëllefen den néidegen Effort op vill Schëlleren ze verdeelen, de Staatsbudget ze equilibréieren an eis Schold net aus dem Rudder lafen ze loossen. Gläichzäiteg ginn hei awer och wichteg politesch Akzenter gesat.

 

Wéi den Numm et seet geet et hei also och em Investitiounen an d’Zukunft?

Viviane Loschetter: Genee. Des Regierung investéiert méi wéi di Regierunge virdrun an d‘Zukunft vun eisem Land. Dobäi dierf een net vergiessen, datt och d‘Spuerefforten am Zukunftspak eng Mesure fir déi zukünfteg Generatioune sinn. Et geet der Regierung engersäits em kloer Weichestellunge fir déi nächst 5 Joer, an anersäits em eng nohalteg Strategie, fir dat eist d’Land laangfristeg net an de Scholde vun Haut erstéckt.

D’familljepolitesch Mesurë gi jee nodeems als „Ideologesche Choix“ oder als „Kee Choix“ kritiséiert. Ass et net vill méi e Choix de Société deen sech imposéiert?

Viviane Loschetter: Kritiker oder Skeptiker vun der Ofschafung vun der Allocatioun de Maternité an der Allocatioun d’Education werfen der Regierung „Ideologie“ vir. Richteg ass awer, datt et bis elo guer kee Choix de Société ginn ass. Well dëst Land vill Suen hat, hu mer déi och all mat der Géisskan ausginn. Bis elo ass net gekuckt ginn, wien Sue brauch, z.B. fir doheem ze bleiwe bei sengem Kand a wien se net brauch. Des Regierung mécht elo hei e couragéierte Choix: Déi onsozial Géisskanepolitik ass net méi ze halen. D’Ënnerstëtzung muss prioritär deene Bierger a Biergerinnen, Kanner, Elteren oder Mammen ze gutt komme wou och e reelle Besoin besteet. Fir eis heescht dat z.B. jidderengem méi ginn als Prestatioun en nature. Dat nennt een e Choix de Société!

 

Weider Interviewen am Kader vun der Budgetsdebatt:

Den Henri Kox zum Budget

De Claude Adam zur Familljepolitik

 

Dem Viviane Loschetter seng Ried an der Chamber:

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don