3 Froen un de Claude Adam zur Familljepolitik

Archive

19. Dezember 2014

Du bass bei der Budgetsdebatt op di nei Familljepolitik agaangen. Wéi gesinn déi gréng dat?

Claude Adam: Et gëtt Zäit eis un d’Realitéite vum neie Joerhonnert unzepassen. D‘Familljepolitik muss sech duerno riichten, den Elteren ze hëllefen, fir Beruff a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien, an si muss sozial gerecht sinn. Deemno ass et wichteg, fir genuch a gutt Betreiungsstrukturen zur Dispositioun ze stellen. Generell solle Geldleeschtungen duerch Sachleeschtungen ersat ginn.

Dat bedeit datt et e Paradigmewiessel an der Familljepolitik gëtt?

Claude Adam: Scho viru Joeren huet sech d’Erkenntnis duerchgesat, datt mir zu Lëtzebuerg am Verglach zu allen anere Länner zimlech héich Geldtransferten als Hëllefen un Elteren ausbezuelen. De Problem ass datt déi Politik net ëmmer sënnvoll ass, déi Sue ginn net ëmmer esou agesat wéi se geduecht sinn. Mir mussen d’Chancëgläichheet virun allem sou gestalten datt jiddereen sou gutt wéi méiglech, op vun den Elteren oder vun ëffentleche Strukturen, encadréiert gëtt fir säi Wee kënnen ze goen. Eng aner Fro ass wat de Staat mat Steiersue soll oder muss ënnerstëtzen.

Firwat ginn d‘Allocation de maternité an d‘Allocation d’éducation ofgeschaf?

Claude Adam: D’Allocation de maternité – net ze verwiessele mat der Allocation de naissance – an d’Allocation d’éducation sinn ausbezuelt ginn, wann een seng berufflech Aktivitéit opginn huet. Mat esou Mesuren encouragéiert de Staat jonk Frae fir aus dem Aarbechtsprozess erauszeklammen. Dat ass an eisen Aen net responsabel. Mir investéiere vill Suen an d’schoulesch Ausbildung vun eise Kanner – an dat ass dee beschten Investissement, dee mer als Gesellschaft kënne maachen! Mee dann dierfe mir déi jonk Fraen net dono encouragéieren, jorelaang vum Aarbechtsmaart ewech ze bleiwen. Fir datt mer eis net falsch verstinn: Et ass eng ganz räich Erfahrung Kanner ze kréien an ze hunn. Fir mech läit do ganz vill vum Sënn vu mengem Liewen dran. Eng gutt Kand-Eltere-Bindung ass eppes ganz wichteges, mee dat musse mer éischter iwwert de Wee vu Mesurë wéi Congé parental, vun Deelzäitaarbecht oder, fir déi di et sech leeschte kennen, mat engem Congé non payé, encouragéieren. Dës Politik ass verstänneg, nohalteg an entsprécht och dem Besoin, an et ass keng Spuerpolitik. Dës Regierung gëtt fir Elteren a Kanner méi Suen aus wéi jee virdrun, an dat ass och richteg esou. Mammen a Pappen däerfen natierlech och an Zukunft ganz aus dem Aarbechtsprozess erausklammen. Dat ass eng Decisioun déi erwuesse Leit kënnen huelen. Et ass awer eng Decisioun, déi net onbedéngt vum Staat muss finanziell encouragéiert ginn.

Dem Claude Adam seng Ried an der Chamber:

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don