Stéphanie Empain

Fonction : 
Deputéiert
Profession : 
Politikwëssenschaftlerin
Localité : 
Ierpeldeng / Wolz
Email : 
sempain@chd.lu
Date de naissance : 

D'Stéphanie Empain sëtzt säit dem 6. Dezember 2018 als Nord-Deputéiert fir déi gréng Fraktioun an der Chamber. Aktuell schafft hatt op folgenden Dossieren: Bannenzeg Sécherheet, Verdeedegung, Sport, Aussepolitik, Landwirtschaft, Justiz an ëffentlechen Déngscht

Kontakt: sempain [at] chd.lu (E-Mail)

Facebook: Stéphanie Empain

 

Wisou ech mech politesch engagéieren:

Mir ass wichteg ze vermëttelen, dass Politik vu Mënsche fir Mënsche gemaach gëtt. Et geet drëm, sech fir seng Wäerter anzesetzen an sech fir eis Gesellschaft ze engagéieren - a Politik ass ee Wee, en spannende Wee, fir dat kënnen ze maachen.

Wou ech hir kommen:

Ech hunn Politikwëssenschaft studéiert a mech ëmmer leidenschaftlech fir Sproochen interesséiert. Nom Studium hunn ech als éischt an de Relations Internationales beim Etat-Major de l'Armée geschafft, an duerno 6 Joer laang als Directrice am Office Régional du Tourisme Ardennen. Zënterhier läit mer och d‘Regionalentwécklung an den Engagement fir meng Regioun um Häerzen.

Weider Mandater:

Presidentin vun der Lëtzebuerger Liichtathletik Federatioun (FLA)

Wat ech nieft der Politik maachen:

An der Fräizäit ass et mir haaptsächlech wichteg, Zäit mat menger Famill a mat gudde Frënn ze verbréngen. Ech ginn immens gäre spadséieren a wanderen, ech freeë mech ëmmer wann ech nei Plaze ka kenneléieren an ech schaffen och ganz gär a mengem Gaart. Ech kache gär selwer frësch an huele mir och souvill Zäit wéi nëmme méiglech, fir villes selwer ze maachen... vum Brout iwwer Gebeess bis zur Glace. Et ass mir wichteg, dass d’Kanner léieren, wou Liewensmëttel hierkommen an dass se net einfach esou an de Supermarché gefall kommen.