Djuna Bernard

Fonction : 
Députéiert
Profession : 
Sozialwëssenschaftlerin
Email : 
dbernard@chd.lu
Date de naissance : 

D'Djuna Bernard sëtzt säit dem 6. Dezember 2018 als Zentrums-Deputéiert fir déi gréng Fraktioun an der Chamber. Aktuell schafft hatt op folgenden Dossieren: Famill an Integratioun, Edukatioun, Fuerschung, Kultur, Medien an Digitaliséierung, Channegläichheet an Intérieur.

Kontakt: dbernard [at] chd.lu (E-Mail)

Facebook: Djuna Bernard

 

Wisou ech mech politesch engagéieren:

Ech well de Sozialstaat stäerken, bei deem Inclusioun, sozial Kohäsioun a Generatiounegerechtegkeet eng grouss Roll spillen. Grad déi jéngst an eiser Gesellschaft brauchen en gudden, qualitativ héichwäertege Start an d'Liewen: d'Kannerbetreiung an d'Bildung vun eise Kanner a Jonke läit mir do besonnesch um Häerzen. Well eis Gesellschaft awer aus wäit méi besteet wei Aarbecht a Famill läit mer d'Kultur an d'sozial Engagementer immens um Häerz, hei ass et wichteg di concernéiert Acteuren ze ënnerstëtzen an ze fërderen, fir dass mer eng faarweg, divers an aktiv Kultur- a Soziallandschaft hunn.

Wou ech hir kommen:

Ech hunn am Bachelor Cultures Européennes mam Fokus op Geschicht studéiert. No engem Joer Paus, an deem ech eng Weltrees gemaach hunn, hunn ech "Non-Profit Management and Governance" zu Heidelberg studéiert. Kuerz drop hunn ech dunn och ugefaangen, am soziale Secteur ze schaffen: als éischt bei der Croix-Rouge an der Koordinatioun vum Benevolat, an duerno als zoustänneg Persoun vum Jugendsecteur bei elisabeth.

Weider Mandater:

  • World Organization of the Scout Movement (WOSM): Coordinatrice vu verschiddenen Aarbechtsgruppen ëm d'Thema Kommunikatioun an extern Representatioun
  • Conseil d'administration vun der Fondation Mérite Jeunesse
  • Comitésmember vun der Croix Rouge Sektion Mamer
  • International Ekipp a Spiritualitéit-Aarbechtsgrupp an der FNEL

Wat ech nieft der Politik maachen:

Meng Fräizäit ass gepräägt vu menge bénévolen Engagementer. Ech war laang Scoutechef an um nationale wéi internationalen Niveau am Scoutissem aktiv. Dëst maachen ech bis haut als Member vu verschiddenen Aarbechtsgruppe bei der FNEL an am Weltverband. Ech sinn och nach am Mérite Jeunesse an an der lokaler Croix-Rouge Sektioun zu Mamer engagéiert. Nieft mengen Engagementer ginn ech gären an den Theater an op Concerten, liese gär a vill a probéieren duerch d'Reesen eis Welt e bësse besser ze verstoen.