Entrevue mat der Aspro a.s.b.l. an der Theaterfederatioun

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Culture et Médias
Auteurs : 
Adam Claude, Kmiotek Christian, Lorsché Josée

Publié le

Dës Woch ware Vertriederinne vun der Association luxembourgeoise des Professionnels du Spectacle Vivant an der grénger Fraktioun

Eis Deputéierte Claude Adam a Josée Lorsché an eise Parteipresident Christian Kmiotek hunn d’Vertriederinne vun der Association luxembourgeoise des Professionnels du Spectacle Vivant, Peggy Wurth, Nora Koenig an Daniela Bauman souwéi d'Presidentin vun der Theaterfederatioun, Carole Lorang, getraff.

D’Vertriederinne vun den Konschtschafenden am Theaterbereich hunn op déi prekär Aarbechtskonditioune vun den „Intermittants de spectacles“, dat heescht vun all deenen, déi haaptberufflech am Beräich vum «Spectacle vivant» schaffen, opmierksam gemaach. Si fuerderen iwwert ganz konkret Verbesserunge vun hirer Situatioun eraus, datt zu Lëtzebuerg eng Debatt iwwer déi reell Unerkennung vun der Aarbecht vun de Konschtschafende stattfënnt an de Secteur esou strukturéiert a finanzéiert gëtt, datt dës Verbesserunge méiglech ginn.

v.l.n.r: Daniela Baumann, Nora Koenig, Carole Lorang, Peggy Wurth, Christian Kmiotek, Josée Lorsché a Claude Adam

gréng Blogs