
Publié le
Dem Gérard Anzia seng Ried am Kader vun der Chamber-Debatt iwwer Kompetitivitéit a Wuesstem
« 100% erneierbar Energien am Joer 2050 si fir déi gréng keng Utopie, genee esou wéineg ewéi 100% Biolandwirtschaft. An deem Sënn ass en Undeel vun 30% Bioliewensmëttel an eise Kantinnen am Joer 2020 sécherlech och keng Utopie. Neen, mir schwätzen hei net vun Utopien, mä vu sécheren Aarbechtsplazen »
« An der CSV hirem Plang fir Lëtzebuerg ass keng eenzeg Ausso ze fannen zu Sujeten ewéi Klima- an Ëmweltschutz, erneierbar Energien, dem Tram, car-sharing oder der Eisebunn. Dofir fënnt een awer d’Fuerderung fir den Ausbau vun eisen Autobunnen an domat vum Stau vun 2 op 3 Spueren... E Plang fir Lëtzebuerg? Fir eis éischter KEE Plang fir Lëtzebuerg! »