Mir stellen eis vir
déi jonk gréng - Wien ass dat, wat maachen déi, wouvun ernähren se sech, wou liewen se, a virun allem: wéi erkennen ech e “jonke Gréngen”, wann ech engem begéinen?
| |
Am Prinzip handelt et sech bei eis em jonk Leit, déi sech derfir interesséieren wat ronderëm si geschitt. Si hunn eescht Problemer de Mond ze haalen an alles ze akzeptéieren, an hunn éischter d’Tendenz sech anzemëschen an ze weisen, datt et och besser geet. Sou setzen se sech beispillsweis fir eng besser Schoul, fir de Schutz vun der Ëmwelt an d Bekämpfe vum Klimawandel, fir d’Legaliséierung vu liichten Drogen oder fir eng gerecht Globaliséirung an. |
|
Et besteet eng statutaresch festgeluechten Altersgrenz, déi seet, dass ee mat mei wéi 30 net méi “jonk gréng” ka sin, mee nëmmen nach “gréng”. Soss kann ewer jiddereen(t) bei där Spezies matmaachen. All Mënsch ass wëllkomm a gëtt häerzlech empfaang. Déi jährlech Memberskaart kascht just de symbolesche Betrag vun 5 Euro. déi jonk gréng goufen den 23. Abrëll 1996 gegrënnt a funktionnéieren autonom vun hirer Mammepartei déi gréng, mee vertrieden grosso modo déi selwecht Iddien, schaffen enk mat hinnen zesummen an hunn och een eegene Jonke Vertrieder am Parteirot (Comité exécutif vun déi gréng ) sëtzen. |
Sou schaffe mir
Generalversammlung
Déi grondleegend Décisioune gi vun der Generalversammlung vun déi jonk gréng geholl. Si gëtt mindestens eemol am Joer organiséiert an op der Generalversammlung ginn och di zwee Spriecher an de Rescht vum Comité fir d'Dauer vun engem Joer gewielt. Jiddereen, deen als Member bei déi jonk gréng agedroen ass a seng Cotisatioun bezuelt huet, gëtt op d'Generalversammlung invitéiert an huet do d'Stëmmrecht.
Statuten
Hei kënnt dir eis Statuten duerchliesen oder am PDF-Format eroflueden.
Spriecher a Comité
De Comité ass fir d'Gestioun vun der Organisatioun tëschent de Generalversammlungen zoustänneg. Hei ginn d'Aktivitéiten an d'Aktioune vun déi jonk gréng geplangt. De Comité gëtt vun der Spriecherin an dem Spriecher vun de jonke Grénge koordinnéiert. Di zwee Spriecher vertrieden déi jonk gréng och vis-à-vis vun de Medien an dem Rescht vun der Welt.
De Comité besteet zënter Januar 2010 aus folgenden Leit:
|
Philippe Schockweiler
|
|
| |
|
Jan Guth |
Djuna Bernard | ||
Georges Lemmer Membre |
Nick Clesen Trésorier | ||
| |
Nicolas Schaefers Délégué "FYEG" |
|
Nuria |
|
Nathalie Haas |
Manuel Quaring |






