Gemengewahlen 2017

Wann den 8. Oktober Gemengewahle sinn, stellen sech queesch duerch d’Land vill gréng Kandidatinnen a Kandidaten dem Vote vun de Bierger. 
 
Fir d’Liewensqualitéit vun hire Bierger ze garantéieren, stinn eis Gemenge viru groussen Erausfuerderungen. Als gréng kucke mer dobäi net just no haut a no muer, mä mer beméien eis och fir déi zukünfteg Bierger, fir eis Kanner an Enkelkanner. Eis Politik bréngt déi sozial an déi ekonomesch Dimensiounen zesumme mam Ëmweltschutz an der Biergerbedeelegung ënnert een Hutt. Gréng Politik ass dofir net ëmmer déi simpelst, mä se ass duerchduecht a nohalteg.
 
Op dëser Säit fannt Dir nieft eisem Kader-Wahlprogramm mat allgemenge Konzepter a realistesche Virschléi och eis lokal Kandidatinnen a Kandidaten an hir konkret Iddie fir Är Gemeng.


Wahlprogramm - Programme électoral - Election manifesto


 

 

 

 



Sections locales qui ont présenté leur liste de candidat-e-s

gréng Blogs