De François Benoy (Joergang 1985) ass e lëtzebuergesche Politiker vun déi gréng. 2018 ass hien an d’Chamber gewielt ginn, wou hie säitdeem d’Kommissioun fir Ëmwelt, Klima, Energie a Landesplanung presidéiert, a Vizepresident vun der grénger Fraktioun ass. Hien ass bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnt an der Stad zu Bouneweg.
No sengem Studium vun de Politikwëssenschaften an der Soziologie huet hie seng berufflech Karriär als Journalist bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaangen. Spéider huet hien als Koordinator bei der Ëmwelt-ONG natur&ëmwelt a.s.b.l. geschafft, an dat bis hie säi Mandat als Deputéierten ugeholl huet.
2013 ass hien an der Stad Lëtzebuerg zum Gemengerot gewielt ginn, wou hien zanter 2018 Fraktiounspresident ass.
Dem François Benoy seng politesch Schwéierpunkte sinn Ëmwelt, Klima, Landwirtschaft, Finanzen, Logement, Urbanismus a Biergerbedeelegung.
Parlamentaresch Kommissiounen
Parlamentaresch Delegatiounen
Weider Mandater a Funktiounen