Ebola - Informatiounsowend

Déi gréng Fraktioun invitéiert: Informatiounsowend zur Ebola-Problematik

Gesondheets-Spezialisten erklären d'Problematik um globalen, europäeschen an nationalen Niveau a beäntwerten Är Froen.

Eis Inviteeën:

  • Prof. Dr. Claude Muller, Direkter vum « Departement fir Immunology » am Centre de Recherche Public de la Santé: wëssenschaftlech Siicht iwwer d'Risike vun der Ebola-Epidemie an d’Konsequenze vum Ebola-Virus op déi mënschlech Gesondheet.
  • Paul Delaunois, Generaldirektor vu « Médecins Sans Frontières » Lëtzebuerg: internationalen humanitären Asaz an de betraffene Länner.
  • Dr. Pierre Weicherding, Chef de Divisioun vun der « Inspection Sanitaire »: De Plan d’Urgence zu Lëtzebuerg.
  • Josée Lorsché, Deputéiert a Claude Turmes, Europadeputéierten: Ufuerderungen un déi national an europäesch Politik

D’Interventioune sinn op lëtzebuergesch. Eng Iwwersetzung op franséisch ass assuréiert.

Wéini? Den 10. November 2014 um 19:00 Auer

Wou? Centre Convict – 5, rue Marie Thérèse, L-2132 Luxembourg

Gratis Umeldung bis de 7. November op inscription [at] greng.lu

Ëffentlechen Transport: www.mobiliteit.lu

Invitation (PDF)