déi jonk gréng - Wien ass dat, wat maachen déi, wouvun ernähren se sech, wou liewen se, a virun allem: wéi erkennen ech e “jonke Gréngen”, wann ech engem begéinen?
Am Prinzip handelt et sech bei eis em jonk Leit, déi sech derfir interesséieren wat ronderëm si geschitt. Si hunn eescht Problemer de Mond ze haalen an alles ze akzeptéieren, an hunn éischter d’Tendenz sech anzemëschen an ze weisen, datt et och besser geet. Sou setzen se sech beispillsweis fir eng besser Schoul, fir de Schutz vun der Ëmwelt an d Bekämpfe vum Klimawandel, fir d’Legaliséierung vu liichten Drogen oder fir eng gerecht Globaliséirung an.
Et besteet eng statutaresch festgeluechten Altersgrenz, déi seet, dass ee mat mei wéi 30 net méi “jonk gréng” ka sin, mee nëmmen nach “gréng”. Soss kann ewer jiddereen(t) bei där Spezies matmaachen. All Mënsch ass wëllkomm a gëtt häerzlech empfaang. Déi jährlech Memberskaart kascht just de symbolesche Betrag vun 5 Euro.

déi jonk gréng goufen den 23. Abrëll 1996 gegrënnt a funktionnéieren autonom vun hirer Mammepartei déi gréng, mee vertrieden grosso modo déi selwecht Iddien, schaffen enk mat hinnen zesummen an hunn och een eegene jonke Vertrieder am Parteirot (Comité exécutif vun déi gréng ) sëtzen.
Weider Informatiounen fannt dier op eisem Site: www.jonkgreng.org





