gréng Blogs

Eegebestëmmung fir Trans- an Intersexpersounen

Christian Kmiotek - 28 June 2017

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Den 8. Juli ass zu Esch erëm dat grousst a faarwegt Fest vun der LGBT -Bewegung, de GayMat. Et geet hei, wéi all Joer drëm fir d‘ Opmierksamkeet op d’ Situatioun vun de sexuelle Minoritéiten zu Lëtzebuerg ze riichten, dat ënner anerem mat engem Gläichheetsmarsch an enger grousser Party mëtten an der Minett-Stad.

Dëst Joer as awer e speziellt Joer fir en Deel vun de Membere vun dëser Bewegung, well Lëtzebuerg seng Gesetzgebung iwwer d’ Ännerung vum Geschlecht am Etat civil fir Trans- an Intersex-Persounen nei op de Leescht geholl huet. Et handelt sech hei em Persounen déi sech engem aneren Geschlecht zougehéiereg fillen wéi dem wat se bei der Gebuert zougesprach kruten, oder déi sech mat kengem vun deenen 2 Geschlechter identifizéieren kënnen.

De grénge Justizminister Felix Braz huet um internationalen Dag géint d‘ Homophobie an d‘ Transphobie säi Projet de loi virgestallt deen et de betraffene Persounen erlaabt, hiert eegent Schicksal selbstbestëmmt an d’Hand ze huelen. Sie kënnen sech domat iwwer eng einfach administrativ Prozedur offiziell als dee Mënsch unerkenne loossen, als den se sech fillen. Se brauchen sech net méi virun Dokteren oder engem Geriicht ze rechtfertegen, se musse keng intim Detailer méi op den Dësch leeën, an hir Démarche ginn net méi an der Ëffentlechkeet breet getrëppelt.

Dëst zukënftegt Gesetz betrëfft zu Lëtzebuerg eng geschaten 3.700 Persounen, dorënner vill Kanner, déi aktuell duerch hir Situatioun engem groussen Leidensdrock ausgesat sinn. Et ass fir dës Mënschen e riese Schrëtt no vir, well et sech géint Diskriminatioun an Harcèlement riicht, an doduerch och präventiv géint déi héich Suizidzuelen an hirer Gemeinschaft.

Et ass eng éischt wichteg Etapp fir d’ Unerkennung vun dëse Leit. Elo muss doropper opgebaut ginn, fir d’ Akzeptanz an der Gesellschaft fir sie an aner sexuell Minoritéiten ze förderen. Dofir muss vill informéiert ginn, an et musse Formatioune ginn fir d‘ Leit an de Schoulen a Verwaltungen déi am Alldag mat dëse Kanner an Erwuessenen ze dinn hunn.

Lëtzebuerg kënnt heimat enger Fuerderung vum Conseil de l’ Europe no, a gëtt sech eent vun de fortschrëttlechsten Gesetzer an deem Beräich. Doropper kënne mir houfreg sinn, a mir gréng wäerten eis och an Zukunft fir Diversitéit a Solidaritéit asetzen, fir d‘ Recht op Selbstbestëmmung a Respekt, a fir d’ Dignitéit vu jidderengem Eenzelen, och wann hien oder sie zu enger Minoritéit gehéiert.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek


Catégories: gréng Blogs

gréng Blogs