28. April 2017
D’Interventioun vun der grénger Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter zur Lag vun der Natioun 2017
Auszich aus der Ried
Déi ganz Ried
Text (et gëllt dat geschwate Wuert):
Här President, dir Damen, dir Hären,
Dat, virwat mir am Dezember 2013 ugetrueden sin, fannen mer haut zu engem gudden Deel an onsem Alldag erem.
D’Bild vun Land verännert sech, engerseits duerch déi strukturell Reformen, anererseits duerch déi gesellschaftspolitesch Reformen.
Strukturell Reformen duerch déi heij wirtschaftlech Investitiounen, duerch eng konsequent an ofgestemmten Landesplanung, duerch d’Entwecklung vun der Mobilitéitsoffer, duerch déi heij Investissmenter an klima-an emweltpolitesch Projet.
Zuelen beweisen dat onmessverständlech, eng Verduebbelung, voire Verdreifachung par rapport zu 2013.
Gesellschaftspolitesch Reformen ewéi (fir der nemmen e puer ze nennen) e neit Nationalitéitengesetz, Depenaliseierung vum avortement, de Mariage an d’Adoptioun pour tous, de congé parental, den dialogue social, den Revis, eng Reform vum Kannergeld gekoppelt un eng ambitieis an qualitativ heijwerteg Offer en nature fir all Kand, déi fir eng effektiv Förderung vun der Chancengleicheet suergt, den JAF, eng méi sozialgerecht Verdeelung vun den transferts sociaux, eng Steierreform déi den gesellschaftspolitechen an wirtschaftlechen Erausfuerderungen Rechnung dréit an en Ufang vun enger neier approche duerstellt mat sengen ökologeschen Lenkungsmossnahmen , green finance, wirtschaftlech Aspekter ewéi Ennerstezung vun Start up an eng reel Förderung vun der Representativitéit vun de Fraen an der Politik duerch eng verbindlech Quotenregelung, eng Trennung, respektiv eng méi gerecht an representativ nei Relatioun tescht Kirch a Stat, …
Dat fir wat mir, déi 3 Koalitiounsparteien am Dezember 2013 stungen, gett emgesaat, konsequent a mat Engagement.
An, mat politeschem courage, well politesch Reformen brauchen politeschen courage !
An politesch Reformen – et kann een se approuvéieren oder manner approuvéieren – mee politesch Reformen huet des Majoritéit seit Ufangs 2014 eng ganz Reih konsequent emgesaat ; emgesaat ewéi mer se zesummen am Koalitiounsprogramm festgesat hun.
Ech kommen e bessen méi spéit méi an den détail vun onsem Koalitiounsprogramm zreck, mee ech denken, fir komplett ze sin, muss ech kurz virun 2013 zreckgoen.
Eendeiteg an kloer formuléiert vun der Zivilgesellschaft, vum Patronat bis Salariat ass d’Erkenntnis dat mer Ufangs 2014 ewéi déi blo-roud-greng Majoritéit ugetrueden as, an engem enormen Reformstau stungen.
An desen onrouegen Zeiten, déi definitiv bei der Finanzkriss 2008 ugefangen huet, war et kloer, dat net méi alles esou kéint bleiwen ewei et emmer war, dat et och ni méi geng erem gin ewéi et emmer war.
Et wier genau do de Moment gewierscht – 2009 spéistens -, fir sech och finanziell nohalteg ze organiséieren, an iwert den Randteller vun enger Legislativperiod eraus ze denken.
Ennert anerem, war et spéistens schons am Joer 2009 fir – jo ! an engem Waaljoer – fir aner Weer azeschloen, fir sech der neier an irremediabler Situatioun unzepassen an d’Zukunft virzebereeden.
Verschiddener hun dest « de sechere Wee » genannt am Joer 2009.
E Slogan, deen Gehéier fonnt huet, well d’Leit zu deem Zeitpunkt Secherheet gebraucht hun, zu Letzebuerg, ewei iwregens och an der ganzer EU an wuel och doriwer eraus.
Wann d’Welt ännert, wann d’Emfeld ännert an domadder och den Alldag, wann déi gewinnten Gebuergenheet gereselt gett, wann een konfrontéiert gett mat enger Finanzkriss, déi zu enger Wirtschaftskris an schliesslech zu enger Sozialkris an Europa féiert, jo dann gett et Ursach fir sech net nemmen Gedanken, mee och Suergen ze machen.
Grad an esou engem Moment ass et wichteg fir eng éierlech Duerstellung vun der Situatioun ze skizzéieren, fir sech den Erausfuerderungen ze stellen, fir ze erklären an fir Alternativen ze proposéieren, fir déi ze diskutteieren mat den Leit, mat den forces vives, fir no vir ze kucken an ze anticipéieren, jo fir esouguer d’Pretentioun ze hun, kennen als klengt Land Virreider ze sin oder ze gin.
Wat ännert sech, a wéi kennen mir drop reagéieren, wéi kennen mir ons opstellen fir op den wirtschaftlechen, den sozialen, iewer och den emweltpoliteschen riesegen Erausfuerderungen eng Äntfert ze entweckelen.
De sechere Wee wier, an onsen Aan, en neie Wee gewierscht.
E Wee an d’Zukunft (haut fir muer plangen), e Wee fir déi next Generatioun vun onsem Land.
Et ass awer anescht gangen, Här President, dir Damen, dir Hären, vun 2009-2013 war hei am Land an der politescher Majoritéit « business as usual », wann iwerhaapt business do war.
D’Situatioun ass verkannt gin, den Reckstand vun den noutwenndegen Reformen ass gewuess.
Déi soit-disant « Tiräng, déi voll waaren » Ufangs 2014, esou behaapten et jo déi freiher Verantwortlech vun der CSV, sin de beschte Beweis dofir !
De Leit am Land ass e sechere Wee versprach gin, mee wat d’Land kritt huet, während 4an1/2 Joer ass e Status Quo a villen wichtegen Bereicher ewéi Landesplanung, Budgetpolitik, Familjepolitik, Logementspolitik, Innenpolitik, fir nemmen déi wichteg Schlesselressorts ze nennen.
A mat deem Status Quo eng onverzeileg verpassten Chance an eng Zeitverschwendung déi, dat mussen mer wuel zougin, déi schwiereg ass, haut nach, eranzehuelen !
Lo kann een mat dem Regierungsprogramm oder Deel dovunner averstaaneen sin oder och net. Mir gréng kennen des kritesch approche, aus der Oppositioun, zu engem Regierungsprogramm. Ech muss awer éierlech zougin, dat et ons nach ni virkommen ass, en bloc alles schlecht ze fannen.
Dofir haten mir emmer eng differenziert approche an hun ons mat der Tematik bechäftegt an ggf Politiken matgedroen, déi mir fir sennvoll, richteg oder acceptabel fonnt hun.
An, wann net, hun mir ons emmer verpflicht gefillt, ons Alternativen ze ennerbreeden.
Dofir vestin mer och, elo wou d’Rollen inverséiert sin, dat déi nei Oppositiounspartei, déi Joorzengtelang d’Regierung ugefouert huet, kann kritesch zu onsen Politiken sin, voire net d’accord ka sin mat den Virschléi vun deser Majoritéit.
Et ass jo och net esou, dat Majoritéit automatesch d’Richtegkeet gepacht huet. Deemols net, an haut och net.
Mir verstin allerdengs manner, dat se systematesch alles schlecht fannen.
An, mir verstin guer net, dat si allen eeschten verkennegt, si geng – giff se dann erem an d’Regierung kommen – « alles » reckgängeg machen.
Dat et esou wéineg Asicht gett, op deem Punkt dat dest Land Reformen brauch fir kennen fir d’Zukunft sech nohalteg ze entweckelen, ass eigentlech onverständlech.
An wat ons am meeschten feelt, och heibannen an der Chamber, bei onsen politeschen Debatten, sin d’Alternativen, konkret an emsetzbar alternativ Proposen vun der Oppositioun.
Setzt ons déi géigeniwer, fir dat mer endlech hei kennen eng interessant an kontrevers Debatt féieren, eng inhaltlech Debatt, déi d’BiergerInnen brauchen fir sech weiderhin nach un d’Politik ze interesseieren.
Et gin eng Reih Politiken – an de Premier huet se de moien kloer skizzéiert – déi schwiereg sin, oder nach emmer schwiereg sin, ewéi z.B. de Logement oder d’Bekämpfung vun der Armut an dem Armutsrisiko …
Fir awer dann, ouni mat der Wimper ze zucken, deser Majoritéit alles an sain contraire ze reprochéieren – do, wou een selwer Joorzengten lang et schwiereg hat– ass d’Wourecht an d’Erausfuerderungen vun desem Land bewosst verkennen ze wellen.
D’Alternativ kann sech dach net resuméieren op « alles reckgängeg » machen.
Komm mir schwetzen mol iwert d’Reformen vun desen leschten 3 Jooren :
An ech geng ganz gären ufänken bei der Art a Weis vum zesummenschaffen an deser Majoritéit :
Ech nennen nemmen 3 vun villen Beispiller, stellvertriedend fir des Majoritéit , an déi virun 2013 leider ondenkbar waren :
· Dat des Regierung et ferdegbruecht huet en RMG-Gesetz ze reforméieren, andeems interministeriell tescht Arbechts- an Familljeministär zesummengeschafft gin as, op Initiative vun den 2 respektiv Ministeren, an mer dofir en PL virleien hun, wou déi rechts Hand wées wat déi lenks mecht !
· Dat eng eminent wichtegt gesellschaftspolitesch Reform – ewei Nationaliteitengesetz eng as – am Virfeld mat allen Fraktiounen an Sensibilitéiten zesummen diskuttéiert an am Konsens ausgeschafft konnt gin.
· Planung vun onsem Land mat Programme Directeur Landesplanung. Niewt den Arbechtsgruppen, wou déi üblech forces vives dran werten vertrueden sin, gin am Hierscht nach zousätzlech Arbechtsgruppen an d’Liewen geruff, wou d’Bierger an Bierginnen werten kennen aktiv mat participéieren op 4 verschidden Platzen hei am Land. Hei gett sech déi Zeit geholl, déi et erméiglecht am Dialogue mat de Leit un hirer Zukunft vun hirem Land ze schaffen.
Här President, dir Damen, dir Hären, där Beispiller iwert nei Formen vun Zesummenarbecht gin et der vill, et gett just net driwer geschwat. Dat ass eng Form vun « Fensteren grouss Oprappen », eng Ausso, déi deser Majoritéit oft an de Mond geluegt gett.
Mee zum Inhalt vun den Reformen :
Et ass kloer, dat mer Zeit verluer hun, an déi hun mer verluer, well eben, contrairement zu deem wat emmer an der Oppositiounsbänk behaapt gett, bei Weiten net alles prett war.
Heizou och e puer Beispiller an ech kommen gären mol nach op d’Landesplanung an Mobilitéit ze schwetzen :
Dat ass vleit den offensichtlechsten Reformstau :
En totalen iwerschafften Landesplanungprojet an total iwerschafften plans sectoriels, koherent obenneen an ennertenneen ofgestemmt, an Zesummenarbecht mat den verschidden Ressortministèren, mat den Gemengen, sprich Syvicol, as um Instanzenwee.
Dest ass eng Schlesselreform fir d’Organisatioun vun desem Land iwerhaapt ze gestalten an mat Inhalt ze fellen. Dese Raster steet elo.
Jo, et huet 3 Joer gebrauch !
Esouwuel d’Landesplanung, ewéi och plans sectoriels, déi sech droppraffen hun missen nei iwerschafft gin, well se esou wéi se virlongen net emsetzbar woren.
An jo, sech mat den Leit, an mat de Gemegenresponsabel zesummensetzen an hir Doléancen an Suggestiounen eecht huelen, kascht och Zeit. Gutt investéiert Zeit am Virfeld, wat schlecht investéiert Zeit dono vermeit !
Diskussioun ronderem wou a wéi eng Regioun oder Gemeng soll wuessen oder net, ass keng einfach.
Eng effikass Dezentraliséierung vun den ekonomeschen Zentren ze gestalten huet als Zweck an Ziel fir Wunnen a Schaffen méi no beieneen ze brengen an d’Liewensqualitéit ze förderen. Diskussioun an dono Konklusiounen zéihen an Decisiounen huelen geet net ouni Iwerzeegung an politesche courage.
An, virun allem esou wichteg Decissiounen kennen nemmen geholl gin, wann een iwert den Randteller vun de nexter Legislaturperiod kuckt.
D’ Landesplanung an plans sectoriel (transport, logement, paysage, activités economique)
sin iewer och d’Viraussetzung, fir d’Organisatioun vun onser Gesellschaft fir déi next Generatiounen ze gestalten.
Mir sin an eng Ära ukom, Här President, dir Damen, dir Hären, wou mer ons vun enger Gesellschaftsorganisatioun ewéi se bis elo bestaanen huet, lues awer secher verabschieden.
Op mer et gutt oder manner gut fannen, mussen och mir zu Letzebuerg ons mat den neien Phénomänen vun Globaliséierung, vun Digitaliséierung, neien Formen vun Arbecht an Arbechtsgestaltung, nei sozial, mee och klimapolitesch Erausfuergerungen net nemmen beschäftegen, mee och aktiv an kreativ des Gesellschaftswandlung politesch begleeden an esouguer anticipéieren.
De Raster, deen d’Etude, genannt « Rifkin » duerstellt, an déi notamment mat de forces vives erstallt gin ass, ass – an onsen Aan – e wonnerbaren Ausgangspunkt.
D’Erausfuerderungen stin kloer do – eigentlech waren se bekannt, mee net benannt, net genuch benannt bis elo.
De Premier huet se de moien an senger Ried genannt.
Desen Ausgangspunkt gett elo, zesummen mat de BiergerInnen, mat Inhalt gefellt, mat Iddien gefellt, aus denen dann Politiken erstallt gin. Do ass keng Plaatz vir Tabuen an och keng Meiglechkeet méi schwiereg Temen ze ignoréieren, an dat ass och gut esou.
Mir erwarden ons en konstruktiven an breedgefächerten Input aus desem Exercice.
Dat ass fir ons de sechere Wee !
De Wee, wou mer net passiv erdroen, mee aktiv gestalten.
An dat mecht des Majoritéit, des Regierung, roueg, efficace a konsequent !
Här President, am Kontext vun der Analyse vum semestre européen haten mir och dest Joer d’Gelegenheet mat den Vetrieder vun der Kommissioun zesummenzesetzen.
Den Här Paquet, directeur adjoint vun der Kommissioun, en charge vun der Analyse an Evaluatioun vum semestre europeen, huet ons e ganz interesséierten feedback gin vun der letzebuerger Initiative ronderem den Rifkin rapport.
Et stemmt och, dat ons Finanzen gesond sin !
Déi eischt Mesuren, déi des Regierung an Sachen Budget geholl huet waren vleit net esou populär, mee noutwenndeg an richteg, ewéi et sech elo erausgestallt huet (Zukunftspaak an impot d’equilibrage budgetaire temporaire).
Desen exercice dozou notamment och dozou genotzt, fir e screening duerch d’Ausgaben ze machen, fir sech nei ze orientéieren, fir differenzéiert mam Budget emzegoen.
Et huet onser Regierung erlaabt, de Budget ze consolidéieren andeems virprogramméiert deck Lächer am Budget konnten assuméiert gin.
Dat ons Finanzen gut sin, soen dest Majoritéit eigentlech am mannsten oft. Et sin spezialiséiert Institutiounen ewéi den FMI oder europäiesch Kommissioun, iwert de biais vum semestre européen, déi ons dat bestätegen.
An, net zulescht och d’Investisseuren, dé isoss net hei wieren.
Dat mer eng Schold hun, déi wuel an absoluten Zuelen liicht uwiest, mee am Kontext kaum variéiert, doduerch dat mer en PIB hun, déen iwert déi next Joer stabel bleiwt, doduerch dat mer onsen OMT anhaalen, doduerch dat mer onsen Prozentsatz bei der Schold tescht 22-23% haalen, also weit ennert onser selwer virgeschriwen limite vun 30% an vun der eu virgeschriwen limite vun 60% guer net ze schwetzen.
Här President, mir hun eng gutt Finanzlag, mir hun eng gut Wirtschaftssituatioun déi onsen PIB ganz gut placéiert notamment am europäeschen Emfeld an mir schaaffen Arbechtsplaatzen well den emploi geet kontinuirlech an Lut.
Mir hun all Instrument an der Hand fir onst Land gut a gesond ze struktureieren, fir an dat ze investéieren wat onst Land braucht fir sech sozial, ekonomesch an ökologesch fir déi next Generatiounen opzestellen.
D’Investistmenter sin enorm, e plus vun 13% sin fir 2017 virgesin an bis 2021 geet de montant vun dem investissement public kontinuirlech an Luut.
Mir investéieren an onst Land, mir huelen retard op, an allen Beraicher.
An, mir investéieren elo mol virun allem an déi Beraicher, wou de Nachholbedarf am Gréissten wor.
Vun 241 Mio am Joer 2013 op 617 Mio haut geet an den nexten Jooren de Budget fir Emwelt- an Klimaprojet erop.
Mir hun an den leschten 3 Jooren esouvill Wandmillen opgeriicht ewéi déi lescht 10 Joer vidrun net geschitt as.
Mit kennen haut vir d’eischt emol soen, dat mir ons Klimaverpflichtung werten kennen anhaalen :
CO2 Reduktiounen gin erof an mir werten 2020 e minus vun 20% verzeechnen.
Bei den erneierbar Energien sin mer well iwert 5% an mir werten bis 2020, 11% errechen.
Bei der Energieeffizienz sin mer ganz gut opgestallt !
Mir hun en dretten Aktiounsplang emgesaat, deen notamment onsen Klimaobligatiounen vum Paraiser Accord emsetzt.
An desem Kontext soll Diskussioun ronderem onsen Wuesstum weidergefouert gin an konkretiséiert gin.
Wéi, weivill welle mer wuessen ? Wéi e Wuestem packen mir an onsem klenge Land ? Wat konkret heescht et, Qualitéit vum Wuesstum ze förderen ?
Dat sollen mer machen, Här President, dir Damen, dir Hären, well mer wellen haut suergen fir ons Kanner an Enkelkanner muer.
Well mer onst Land wellen opstellen, haut, fir den Erausfuerderungen vu muer gerecht ze gin.
A well mer an der Situatioun sin, dat mer haut d’Suen dovir hun.
Alles aneschtes wier onverantwortlech.
Mir investéieren an d’Mobilitéit.
De budget pluriannuel weist en montant vun 146 Mi0 am Joer 2013 an e Montant vun baal 400 Mi0 dest Joer. Weit méi ewéi eng Verduebelung !
D’Mobilitéit, mee virun allem Multimodalitéit vun der Mobilitéit ass d’Léisung zum Stau.
Zum Stau op de Stroossen an zum Stau an der Mobilitéitsreform.
Den Tram an seng nei geplangten Extensiounen, den arret pont-rouge, d’Gares périphériques als Wirbelseil vun enger ganzer Reih vun zousätzlechen Mobilitéitsprojets brengen endlech erem Bewegung an dest Land.
Innovativ nei Projets, déi mer iwregens och schons am Ausland fannen, stin endlech och hei zu Letzebuerg op der Dagesuerdnung. Infrastrukturen fir Elekromobilitéit, Carsharing, mobilité douce an seng Velospisten kreien och hei am Land Gestalt an zielen zu evidenten positiven Standuertfaktor vun onsem Land.
Här President, wann ech vu Mobilitéit schwetzen, dann well ech hei och mol déi Konsequenz ervirstreichen, mat där seit 3 Joer systematesch an Verkéierssecherheet investéiert gett.
Vu couragéisen Entscheedungen fir Radaren oder zones 30 an shared space anzeféieren bis zu pedagogeschen Mossnahmen fir op d’Gefooren vun der Vitesse an vum Alkohol um Steierad ze weisen.
Et ass heij Zeit gin, dat d’Politik sech deser Sach ugeholl huet.
Här President, dir Damen, dir Hären, mir sollten der Suggestioun vun der Kommissioun, fir ons an der Finanzindustrie weider ze diverziféieren,nokommen.
Mir hun, am Kader vun den leschten Budgetsdebatten erfirgestrach, dat mir zu Letzebuerg an Sachen green finance Virreider sin. Et ass dest ganz secher eng Marklücke, déi mer roueg sollen weider fellen. Greng Finanzen sin nohalteg an zukunftsorientéiert.
Et weisst och, dat mer beméit sin, der Finanzplatz Letzebuerg eng nei, eng aner Form ze gin.
Mir sin dofir och besuergt, dat all ons Fongen no klimapoliteschen an ethesche Kritären gescannt gin, esou wéi mer et mat onsem Rentenfong gemacht hun. Et geet hei em eng Prinzipiensach, déi eigentlech keng Ausnahmen zouléisst.
Mir sin och besuergt, iewer och interesséiert ze wessen, wéi d’Regierung gedenkt mat den Stock Options emzegoen.
Mir kréien matgedeelt, dat den déchet fiscal sech em déi 200.000 Milliounen dréit.
Stock Options, déi vleit als coup de pouce geduecht wooren fir Start Up an PME, sin iewer zu eppes ganz aneschtes entweckelt, eppes wat net méi vertrietbar, a an wou mir mengen, dat d’Regierung muss intervenéieren.
Här President,
Mir denken, dass des Regierung sech och virun allem auszeechend duerch gesellschaftspolitesch Reformen an mat Reformen, déi en geselschaftspolitechen Impakt hun.
Eng Reih vun Graphiquen, déi mer de moien vum Premier gewisen kritt hun, weisen op eng onmessverkenntlech Manéier, firun wat fir eng spezifesch Erausfuerderungen mir stin.
· 2010 haaten mer zu Letzebuerg ronn 360.000 Leit beschäftegt, haut sin et der 446.500.
· D’Frontaliers woren am Joer 2000 zu 88.000, haut sin et der 100.000 méi !
· Mir hun eng Populatioun vun haut 590.000 Awunner, e pourcentage vun 76% vun der Bewölkerung sin an engem Arbechtsvertrag hei zu Letzebuerg.
· A virun allem sin an onsem Land 70 % vun den schaffenden Leit net-Letzebuerger ; dat heescht dat et haaptsächlech net-Letzebuerger sin, déi zum Raichtum vun desem Land beidroen.
Dofir ass et, an onsen Aan wichteg, dat déi Leit, déi zum Raichtum an zum Wuelstand vum Land beidroen, och kennen matentscheeden, wat mat deem Raichtum geschitt. Et ass, fir ons ons, ganz einfach eng Sach vu Gerechtegkeet. An, et ass eng Sach vun Versuergen vun onser cohesion sociale.
Mir erwarden ons vun der Reform vum Nationalitéiten Gesetz, dat mer vill Leit beweegt kréien, och déi letzebuerger Nationalitéit unzehuelen an mir wenschen ons, dat si et all ronn kréien sech mat onser letzebuerger Sprooch ausernanner ze setzen.
Mir hun eng immens Chance an onsem Land, dat mer kennen esou friddlech an esou gutt all zesummen liewen.
Dest ass onsen allerbeschten Atout, an deen sollen mer och richteg gut bewahren.
Zur cohesion sociale gehéiert fir ons och, dat d’öffentlech Hand dofir suergt dat wirtschaftlech an sozial Politiken kennen meteneen verknüpft gin. Sociétés d’impact social oder esouguer Sarl simplifié (1 euro gesellschaft) oder d’Marché-publicsgesetz oder réforme vum Faillitengesetz wou an der Chamber fleisseg dru geschafft gett, léist dest Verknüpfung elo endlech zou.
Mir schwetzen vill manner iwert eng aner Form vu sozial- an Gesellschaftspolitik, déi nämlech, wou Justiz sech drems kemmeren muss.
D’Reform vum SCAS (wat reforme Jugendschutz erlaabt), d’Aféieren vun engem JAF (wat reforme divorce erlaabt) oder d’Reform vum Strofvollzug, wou sech net méi eleng mam Ofsetzen vun der Prisongsstroof beschäftegt gett, me virun allem mat dem projet de vie no dem Ofsetzen, d’Opferambulanz an den Exitprogramm fir Prostitueiert sin e puer Beispiller dovir. Et sin Bereicher mat wéineg Lobby, mee si gehéieren zu onser Gesellschaft an zu den Vulnérabelsten.
Dofir sin si fir ons vu besonnescher Bedeitung an des Reformen werten en wichtegen a positiven Impakt hun op d’Fonktionéieren vun onser Gesellschaft hannerloossen.
An Zukunft werten mir méi, méi oft an méi konsequent ons mat der Immigratiounspolitik ausernannersetzen mussen.
Zu Letzebuerg an och als Memberstaat vun der europäiescher Unioun.
Mir sin der Meenung, dat mir zu Letzebuerg bis elo eng gut Gestioun vun der Flüchtlingswell konnten machen, an dest net zulescht duerch en optimalt Zesummenschaffen vun verschidden Ministèren an virun allem vu verschidden Ministeren ; den Innenminister an den Infrastrukturminister hun zesummen mat der Familjeministesch vum eischten Moment un intensiv zesummengeschafft.
Zesummenarbecht mat den ONG gett op eng onkomplizeiert an onbürokratesch Manéier gemach.
Esou och mat de Gemengen, déi eng Hand mat ugepackt hun, …
An dann, gin et och nach déi vill honnerten BiergerInnen, déi eng Hand mat upacken an déi weisen, dat mir en oppend Land sin an dat mir keng Angscht virun Neies brauchen ze hun.
Mee, déi nohalteg Erausfuerderung fänkt eréischt un.
Well des Leit, déi elo heibleiwen, gin ons Bierger, an denen hir Kanner ons gemeinsam next Generatioun.
Mir denken, dat mer vleit missten méi spezifesch uecht din, an froen ons op des nei BiergerInnen, an enger Iwergangsphase, méi spezifesch Programmer an Politiken brauchen, fir eng effektiv an gelongen Integratioun ze garantéieren.
Dat hellt kengem aneren eppes ewech, mee helleft desen Leit mat engem dramatescher Biographie richteg hei unzekommen an hirt doheem ze gestalten.
An dovunner profiteieren mer alleguerten.
Brauchen mer net vleit eng Task Force fir déi generell Gestioun vun deser zweeter phase vun Ukommen vun dese Leit nach besser ze encadréiren ?
Schlussendlech sin mir houffreg an engem Land ze liewen, wou mer iwert ons Grenzen eraus ons Werter verteidegen an eng human Politik vun der Immigratioun vertrieden, notamment duerch onsen Aussenminister, deen sech an Europa weiderhin stark mech fir déi konkret Emsetzung vun der Relocation ewéi se am conseil zreckbehaale gouf.
Mee och d’Ursach vun deser Flüchtlingswell mussen weider an méi hart tematiséiert gin.
Terror an Terrorismus, Flüchtlingen an den populisteschen, voire nationalisteschen Messbrauch vun desen Situatiounen hänken zesummen an gin ons all eppes un.
Mir brauchen haut Leit, déi eng Meenung hun an déi de courage hun se auszedrecken. Et bewierkt an et beweegt een nemmen eppes, wann een sech fir eng Meenung asetzt an net gewerden léist.
Mir denken, dat et haut méi ewéi je wichteg ass, sech ze äusseren an sech auszetauschen, nozelauschteren an ze erklären.
Den Zoulaaf vun deenen Leit déi keng Entfert méi fannen bei Beweegungen vum Anti-system enger Seits an vun Nationalistescher/ultranationlistesche Parteien anererseits sin de beschte Beweis dofir.
Des Suerg, Här President, dir Damen, dir Hären gehéiert och an onsem Alldag.
Och wann Europa haut kränkelt a vleit net/nach net dat Europa ass, wat mir ons virstellen a wenschen, esou sollten mer oppassen op déi, di mat einfachen antieuropäesch Rezepter dese Leit wellen d’Leisung vun allem Iwel virschreiwen.
Europa ass en Deel vun onser Nationapolitik, ouni europäesch Unioun gengen mer haut ganz aner Sachen hei beschwetzen an dann eréischt wieren ons Zukunftsperspektiven richteg beängschtegend.
Wat mir brauchen, alleguerten an Europa, ass méi Europa an net manner Europa. Mee mir brauchen zum Deel och en annert Europa.
Europa, dat si mir !
Et ass un onst den Ennerscheed ze bewierken.