Tribune Libre : Euthanasie

Archive

26. Mai 2011

E puer Wochen ass et hier, dass um Krautmaart ons Deputéiert déi historesch Proposition de Loi ERR/HUSS iwwer d’Euthanasie ofgestëmmt hunn. An des Entscheedung huet et net laang op sech waarde gelooss fir vun all méigleche Säiten ugegraff ze ginn. Mei wéi een kierchlechen oder weltlechen Akteur schéngt mat desem grousse Schrëtt séng Problemer ze hunn. Vu klerikale Kolliken, regelrechten Verdauungproblemer op Säite vun onse kathoulesche Frënn kann esouguer rieds sinn.


Lëtzebuerg, den 19. März 2008



E puer Wochen ass et hier, dass um Krautmaart ons Deputéiert déi historesch Proposition de Loi ERR/HUSS iwwer d’Euthanasie ofgestëmmt hunn. An des Entscheedung huet et net laang op sech waarde gelooss fir vun all méigleche Säiten ugegraff ze ginn. Mei wéi een kierchlechen oder weltlechen Akteur schéngt mat desem grousse Schrëtt séng Problemer ze hunn. Vu klerikale Kolliken, regelrechten Verdauungproblemer op Säite vun onse kathoulesche Frënn kann esouguer rieds sinn.


Ugefaangen huet dat mam “Lëtzebuerger Wort”, wat eng regelrecht Hexen- a Ketzerjuegd op d’Käpp vun Gréngen, Bloen, Rouden an nach jidderengem organiséiert huet, deen net der helleger Léier follegt. Zecherleo & Co. erënneren een erem un d’70er Joeren, wou ähnlech Hetz gemaach gouf op déi Fraen déi sech fir méi Rechter oder fir den Avortement agesat hunn. An och mir Gréng sinn soit disant Opfer vun engem Boykott vun der Säit vum “Lëtzebuerger Wort” … mee do kann een nëmme soen, dass apparemment „Wahrheit und Recht“, fir dat di Zeitung sollt stoen  an desen Zäiten zu enorm dehnbaren a flexibelen Begrëffer goufen.


Mee och aus dem Ausland gouf mat enger Reih mahnendender Zeigefanger a Richtung Krautmaart gewisen. Et waren illüster Leit aus de Reihe vu konservative Kiercheverbänn, der däitscher Hospitzvereenegung oder der Bundesärtzekammer di alleguerten „bersuergt“ waren. Et freet een sech awer, op sie iwwer d’Euthanasiegesetz besuergt sinn oder iwwer den Déclin vun hierer Weltanschauung an enger ëmmer méi pluralistescher an opgeklärter Welt. An och onse reesenden dekoréierte Staatsminister, deen zu Gaascht war beim Papa Ratzinger wäert sech esou munches hu missen unhéieren. Mee dat ass jo net schlëmm, et ware jo „déi aner“ an net seng schwaarz Scheewecher bei der Chrëschtlech Sozialer Vollékspartei.


Wat den Poopst elo wuel wëll maachen? Kee weess et – villäicht schéckt e jo seng 3000 nei ausgebilden Exorzisten bei ons an d’Land fir de Lëtzebuerger Bierger de „Leibhaftegen“ auszedreiwen.


Et bleifft déi niichtern Erkenntnis: Wichteg gesellschaftspoliteg Dossieren kënnen an der Chamber zwar duerchkommen, mee léise bei esou munch konservativem Chefredakter oder kierchlechen Würdenträger eng Zort fundamentalisteg Tobsucht aus. Et bleift also nach esou munches ze man an der Gesellschaftspolitik zu Lëtzebuerg.


Euthanasie hin oder hier, eppes huet desen historesche Vote bewisen: Endlech hun d’Léit zu Lëtzebuerg, déi konkret am Fall sinn, eng Chance iwwer sech selwer verfügen ze kënnen. An ee gudden Tipp un all déi di elo verbattert sinn (dest gëllt besonneg fir dat neit „Bündnis géint aktiv Stierfhëllef“)déi des Errungenschaft entweder kippen oder op di laang Bänk drécken wëllen: Euthanasie ass ee Choix a keen Zwang, dofir wann ech glifft respektéiert jidderengem seng Fräiheet, an hofft dass dir nie an den Fall kommt.


Fir DEI JONK GRENG huet geschwat: Philippe Schockweiler

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don