Treffe mam Bharati Chaturvedi vu Chintan

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Ecologie et environnement
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Dës Woch hat de Claude Adam d’Chance fir d’Bharati Chaturvedi, Direktesch a Grënnerin vun der indescher ONG Chintan, kennenzeléieren.

Chintan (environmental research and action group) ass eng Ëmweltorganisatioun déi sech fir d’Rechter vun de Müllsammler an der indescher Haaptstad Delhi asetzt. Müllsammler si Leit, déi doduerch iwwerliewen, dass si deenen anere Mënschen hiren Offall asammelen a sortéieren, fir dono déi gesammelt Materialien als sekondäre Rohstoff weiderzeverkafen. Zu Delhi gëtt et schätzungsweis 200.000 esou Müllsammler - Männer, Fraen a Kanner - déi Dag fir Dag dozou bäidroen, dass ongeféier 20% vun deene 7000 Tonnen Offall déi d’Awunner vun der indescher Megametropol produzéieren, recycléiert ginn. Obwuel dës Leit der Gesellschaft eng Partie Déngschter leeschten, an deem si hëllefen, dass déi indesch Haaptstad propper bleift, dass d’Mülldeponien net ze vill schnell iwwerlafen, an dass grouss Moossen un CO2 agespuert ginn, gi si leider oft nach ëmmer vun der Gesellschaft stigmatiséiert, a liewen an immens aarme Verhältnisser.

Chintan setzt sech ënner anerem dofir an, dass d’Müllsammler besser fir hir Servicer unerkannt ginn. Si forméieren d’Müllsammler, hëllefen hinne fir a Kooperativen zesummenzeschaffen a setze sech dofir an, dass hir Mënscherechter net violéiert ginn. D’ONG kämpft och géint Viruerteeler a gëtt de Kanner vun de Müllsammler d’Chance op eng adequat Educatioun. Haaptzil ass et dobäi de Müllsammler d'Méiglechkeet ze ginn, fir aus der Aarmustsspiral erauszekommen.

An engem interessante Gespréich goung et deemno och haaptsächlech ëm d’Problemer vun de Müllsammler zu Delhi, souwéi den Ëmwelt- an de Klimaschutz méi allgemeng. Donieft goufen awer och nach eng Rëtsch aner wichteg Themen ugeschwat. Sou zum Beispill verschidde Problemer mam Kastesystem an d’Stellung an d’Rechter vun der Fra an der indescher Gesellschaft. Diskutéiert gouf awer och iwwert déi sanitär Zoustänn an Indien, d'Konsumgewunnechte vun de Leit an Indien, an d'Auswierkunge vum Konsum am Westen op de Rescht vun der Welt.

Chintan gëtt hei zu Lëtzebuerg vun der ASTM ënnerstëtzt. Méi Informatiounen zu der ASTM hirer Kooperatioun mat Chintan fannt Dir hei. D’Websäit vu Chintan fannt Dir hei.

 

gréng Blogs