Téi vum Séi oder Betriber mat 1.000 Kéi?

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Agriculture
Auteurs : 
Anzia Gérard

Publié le

Briefing zum Gérard Anzia senger Ried zum Agrargesetz

An der Ried vum Deputéierte Gérard ANZIA zum neien Agrargesetz, dat déi gréng matgestëmmt hunn, geet et natierlech em déi fundamental Fro vun der Ausriichtung vun eiser Landwirtschaft. Si mer um richtege Wee oder an enger Sakgaass ? A wa Jo, wéi kréie mer eis Baueren do nees raus ? Wéi soll de Sektor sech weider entwéckelen ? Wat wëlle mir a virun allem wat kenne mir zu Lëtzebuerg laangfristeg maachen ? Wëlle mer eng regional a qualitativ héichwäerteg Landwirtschaft oder wëlle mer datt eis Baueren op - am EU-Verglach defavoriséiertem Terrain - um globale Marché mat der hallwer Welt em de bëllegste Produit konkurréieren ? A wéi eng Perspektive bidd elo dat neit Gesetz ?

Dës fundamental Fro léisst sech op Gutt-Lëtzebuergesch a folgendem Slogan ausdrécken : Wëlle mer Téi vum Séi oder Betriber vun 1.000 Kéi ? Oder vläicht Béides ?

Fir déi gréng läit dofir de Fokus Haut op den 3 Standbeen vun der Nohaltegkeet :

1) dem ökonomesche Pilier : D’Bauere brauchen en uerdentlecht Akommes, keng Scholdespiral, manner Ofhängegkeet vu Soja-Importer, Gewënn net just duerch Subsiden, mee och duerch déi eegen Aarbecht ;

2) dem soziale Pilier : wichteg Akteuren am ländleche Raum, Aarbecht a Gesondheet ;

3) dem ekologesche Pilier : Kulturlandschaft, Ëmwelt- an Naturschutz a speziell och de Waasser- a Quelleschutz, mam Kinnékswee vun der Biolandwirtschaft.

Dobäi kennt dann awer och en neien ganz aktuelle 4. Pilier: den Déiereschutz, resp. besser ausgedréckt d’Wuel vun den Notz-Déieren an eiser Landwirtschaft, wou och en neit Gesetz, resp. Reglementer ënnerwee sinn.

Verbonne gi kënnen dës 4 Pilieren just iwwer eng efficace an ëmfaassend Berodung vum Bauer, vum Betrib, op all dësen Aspekter ! D’Berodung ass vill méi wichteg fir den ökonomeschen Erfolleg wéi d’Subventionéierung. D’Virbild ass hei ganz kloer d’Biolandwirtschaft! Bei de Konsumenten ass dee Message schonn ukomm, mee an der Produktioun musse mer nach dru schaffen. Mir sinn zwar mat 3,5% nach wäit ewech, mee als gréng kenne mir eis duerchaus 20% Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg virstellen. Länner wéi Éisträich, Schweden oder och ganz klenger wéi Lichtenstein maachen et vir.

De Knackpunkt zu Lëtzebuerg ass d'Erhale vum Dauergréngland an eng Landwirtschaft déi méi op d'Graaswirtschaft setzt an domadder op méi eng grouss Fudder-Autarkie. D’Betribsgréissten hei zu Lëtzebuerg musse mat de Betribsflächen zesummenhänken ! Nëmmen esou ass et dem Bauer méiglech sech aus der wuessender Ofhängegkeet wech vu Soja a Co aus Latäinamerika ze befreien. An esou kennt en och laanscht eng Scholdespiral, wou de Betrib quasi der Bank gehéiert a wou en all Kéiers ëmsou méi Drock kritt fir quantitativ an der Produktioun ze wuessen, wann d’Präisser vun de Produkter um Weltmarché falen.

gréng Blogs