Steierreform: 3 Froen un den Henri Kox

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Développement durable, Economie et Finances
Enjeux : 
Lëtzebuerg weider denken
Auteurs : 
Kox Henri

Publié le

Dës Woch gouf an der Chamber d'Steierreform gestëmmt. Wéi bewäerten déi gréng dës Steierreform?

Henri Kox: Fir déi gréng war et virun allem wichteg, datt dëst eng sozial, eng gerecht an eng ökologesch Steierreform géif ginn. Mir sinn der Meenung, datt all dës Kritären erfëllt sinn. Sozial ass d‘Steierreform, well se geziilt deenen ënnert d'Ärem gräift, déi et am meeschte brauchen: d‘Familles monoparentales (oft elengerzéient Fraen), d'Witfraen a -Männer, an déi jonk Leit a Stéit op der Sich no enger eegener Wunneng. Gerecht ass d’Steierreform, well mat hier d'Crédits d'impôts eng geziilten Entlaaschtung bréngen, d’Steiertabelle ugepasst gouf, de Mëttelstandsbockel ofgeflaacht gouf, an och de Spëtzesteiersaz erhéicht gouf. Gerecht ass se awer och, well se wichteg Moossnahme géint d’Steierhannerzéiung beinhalt. An se huet natierlech och wichteg ökologesch Aspekter.

déi gréng schwätzen hei vun engem Duerchbroch a vun engem Ufank...

Henri Kox: Genee. En Duerchbroch ass d’Reform, well mir fir d’éischt iwwerhaapt geziilt ökologesch Lenkungsmoossnamen an eis Fiskalitéit mat abauen. Fir déi gréng ass dës Reform dofir och gläichzäiteg nemmen en Ufank. Mir sinn iwwerzeegt, datt déi elo agefouert Lenkungsmoosnahmen nëmmen en éischten, awer immens wichtege Schratt sinn, fir iwwerliefte Verhalensmuster an der Mobilitéit endlech an zäitgerecht Bunnen ze bréngen. Ech denken hei virun allem un d'Bonus-Malus Ëmwelt Besteierung fir e méiglechst schnellen Emschwong op méi proper a spuersam Betribsween ze ereechen. An natierlech och d’steierlech Ofsetzbarkeet beim Kaaf vun elektreschen Autoen a Vëloen.

Wouranner ënnerscheet sech dës Steierreform da vun där vun 2001/2002?

Henri Kox: D’Steierreform ass deemools gemaach ginn, NODEEMS eise jährleche Wirtschaftswuesstem vun iwwer 8% op 2% gefall war. Trotzdem goufen deemools mat der Strenz wäit iwwer 1 Milliard Euro un d’Leit an un d'Betriber ausgedeelt. A wat ee méi verdéngt huet, wat een och méi krut. De Spëtzesteiersaz ass vu 46 op 38% erofgaangen - haut gi mer am Géigendeel nees op 41, resp 42% erop – an och d'Gewerbesteier gouf deemools ouni Ausgläich fir d’Gemengen erofgesat. Et huet deemools kee vu Crédit d’impôt geschwat an och vun enger ökologesche Steierkomponent war bei där Reform keng Spuer ze fannen.Déi Juncker/Frieden Reform vun 2001/2002 war also weder sozial, ökologesch a gerecht, nach wirtschaftlech ubruecht.Haut ass dat anescht: Zesumme mat eise Koalitiounspartner hu mir eng nohalteg, gerecht, sozial selektiv a wettbewerbsfäeg Steierreform proposéiert. Mir sinn iwwerzeegt, datt si eist Land mat klengen, awer wichtegen, a virun allem mat ganz gezielte Schrëtt wäert no vir bréngen.

 

D'Ried als PDF

gréng Blogs

Test Agenda

Test Agenda