Staatsbudget 2017: 3 Froen un d’Viviane Loschetter

Archive

23. Dezember 2016

Dës Woch gouf an der Chamber de Staatsbudget fir d’Joer 2017 gestëmmt.

Viviane Loschetter, wat sinn d’Stäerkte vun dësem Budget?

Viviane Loschetter: Mir begréisse besonnesch déi héich “gréng” Investitiounen. Bal e Véierels vun allen Investissementer wäerten an d’Beräicher Klima- an Ëmweltschutz fléissen. Domadder ass den Niveau vum gréngen Invest d’nächst Joer méi wéi duebel sou héich wéi 2013. Et si virun allem héich Investissementer an d’nohalteg Mobilitéit an an den ëffentlechen Transport. An den nächste Jore fléissen z.B. 674 Milliounen an déi dräi grouss Mobilitéitszentren Esch, Stad an Nordstad. Et gëtt an den Tram, d’Gare Pont-Rouge, de Funniculaire fir op de Kierchbierg, an d’Plattform Multimodale zu Beetebuerg, avm. investéiert. Genau esou wichteg fir Lëtzebuerg sinn awer och d’Investissementer an de Waasserschutz.

Ervirhiewe muss een och, datt mir och däitlech méi Geld an de Logement Subventionné stiechen. Zesumme mam dem Gesetzespak „Klimabank an nohaltegt Wunnen“ an dem „Certificat de durabilité d’un logement“ déi ebenfalls gëschter an der Chamber gestëmmt goufen, ass dëst e wichtege Schratt no vir am Logementsberäich.

 

D’CSV betitelt de Budget awer als „onverantwortlech“. Wéi gesinn déi gréng dat?

Viviane Loschetter: Et läit schonns eng gewëssen Ironie an der CSV hirer Kritik, wann ee bedenkt, datt grad dës Partei alles a säi Contraire gutt oder schlecht fënnt, jee nodeems se an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass, an och jee nodeems et em National- oder Gemengepolitik geet. Momentan fuerdert d’CSV jo gläichzäiteg méi Investissementer, nach manner Steiere fir d’Betriber, méi Geld fir d’Gemengen a manner Scholde fir de Staat. Dat ass, wéi gesot, dat Eent (Spueren) a säi Contraire (Steierkadoen & méi Ausgaben). An et dierf een net vergiessen, datt grad d’CSV jo och fir déi riseg Infrastrukturdefiziter, fir total eidel Reserven an eng zolidd Staatsverschëldung verantwortlech ass, déi dës Regierung 2013 geierft huet.

D’CSV priedegt de Contraire vun dem wat se an der Regierung gemaach huet: eng Steierreform wou de Spëtzesteiersaz fir d’Héichverdénger drastesch erofgesat gouf, Eidelmaache vun de Geldreserven, Explosioun vun de Staatsscholden an d’Fërderung vum ongebremste Wirtschafts- a Populatiouns-Wuesstem. An amplaz d’Einnamen aus de gudde Jore fir en nohaltegen Invest ze notzen, huet d’CSV se systematesch fir Kaddoen ausginn. D’Resultat ass de risege Réckstand an der Landesplanung, der Mobilitéit, dem Waasserschutz, den erneierbar Energien, de Schoulen, asw.

 

Fir Iech ass dëse Budget kee “Business as usual”, mee e Budget fir d’Zukunft vum Land?

Viviane Loschetter: Genee. D’Erausfuerderung fir dës Regierung ass a war et fir engersäits d’Versäumnisser aus der Vergaangenheet méiglechst séier ze behiewen, a gläichzäiteg mat zousätzlechen Investissementer an enger nohalteger Politik eist klengt Land fir d’Zukunft ze rüsten. Nieft den héijen Investitiounen an Ëmwelt- a Klimaschutz oder Mobilitéit, weist sech déi aktiv Zukunftsgestaltung och bei der Ausbildung vun eise Jonken. Tëschent 2014 an 2017 wäert de Staat z.B. 1,15 Milliarden Euro an d’Recherche an an den Enseignement Supérieur investéieren.

Mat dëser Budgetspolitik ginn och d’Beräicher Schoul a Kannerbetreiung däitlech gestäerkt a wäerten e wichtege gesellschaftspoliteschen Impakt hunn. D’Kannerbetreiung wäert duerch eng besser Gestioun a Qualitéitskontroll ëmmer méi sozial gerecht. Dëst ass och wichteg fir d’gesellschaftlech Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen.

 

[[{„type“:“media“,“view_mode“:“media_large“,“fid“:“6660″,“attributes“:{„class“:“media-image“,“height“:“356″,“width“:“464″}}]]

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don