Staatsbudget 2016: Interview mam Henri Kox

Archive

22. Oktober 2015

Den Entworf vum Staatsbudget 2016 gouf läscht Woch an der Chamber deposéiert, d’Eckdate sinn elo bekannt an et gëtt fir d’éischte Kéier e grénge Budgetsrapporter.

Wat ass eigentlech de Rôle vum Rapporter?

Henri Kox: De Budgetsrapporter ass net Deejéinegen deen de Budget opstellt oder decidéiert. De Budgetsrapporter begleed fir t’éischt mol wéi bei all Gesetzprojet déi parlamentaresch Aarbechten zu dësem Projet, schreift e Rapport a proposéiert iwwert dee Wee der Chamberplenière dëse Gesetzprojet, an där vun der zoustänneger Kommissioun festgehalener Versioun, ze stëmmen. Ech sinn elo am gaangen dëse Budget ganz genee ze analyséieren an e souwuel an der Chamber wéi och ausserhalb mat ville Leit ze diskutéieren. Esou hat ech z.B. schonn am Virfeld mat ville wichtegen Akteure aus den Administratiounen, der lëtzebuerger Wirtschaft, der Uni an och der Zivilgesellschaft getraff. Ufank Dezember stellen ech da mäi Rapport vir, a nodeems d’Finanz- a Budgetskommissioun dee guttgeheescht huet, wäerten déi 60 Deputéiert da Mëtt Dezember iwwert de Budget ofstëmmen.

Wat sinn dann d’Prioritéite vum Budget 2016?

Henri Kox: Dëse Budget leet souwuel Wäert op d’Kompetitivitéit, wéi och op dat Soziaalt, a fir d’éischte Kéier och op de Klimaschutz. Generell muss een awer soen, datt den Enjeu vun dësem Budget d’Nohaltegkeet ass, souwuel am finanzielle Sënn, wéi och am sozial- an am ëmweltpolitesche Sënn. De laangfristegen Enjeu vun eiser Budgetspolitik ass et fir de Milliarde-Scholdebierg vum „séchere Wee“ aus de Joeren 2001-2013 nees lues a lues ofzebauen, fir Reserve fir schwéier Zäite kennen unzeleeën, a Lëtzebuerg gläichzäiteg fir d’Zukunft méiglechst gutt opzestellen! A mam Budget 2016 wëlle mir effektiv de Scholdebierg an enger éischter Phase stabiliséieren a gläichzäiteg massiv an d’Beräicher Mobilitéit, Schoulen, Kannerbetreiung, Wunnengsbau, a sou weider investéieren. D’Finanzen, sief et am Budget oder och bei der Steierreform däerfen an eisen Ae fir d’Zukunft nëmmen ökologesch, ökonomesch a sozial nohalteg opgebaut ginn.

Wéi eng gréng Aspekter fannen sech dann an dësem Budget erëm ?

Henri Kox: déi gréng fannen sech a ville Punkte vun dësem Budget erëm. Dëse Projet ass sécherlech net perfekt, an de Kontext ass jo och schwiereg, mee e geet definitiv an déi richteg Richtung. Als weider Investitiounsbeispiller kann een z.B. nach de massiven Ausbau vum ëffentlechen Transport an de Waasserschutz nennen. Mee och de Klimaschutz geet net um Budget laascht. Lëtzebuerg wäert sech hei souwuel op EU an internationalem Plang bedeelegen, wéi och op nationalem Plang seng Hausaufgabe maachen. Dës Regierung weist, dass se de Klimawandel eescht hellt. Fir eise Kanner a Kanneskanner nämlech eng liewenswäert Zukunft ze garantéieren, gi gesond Staatsfinanzen net duer. Mir mussen och nohalteg mat eisen natierleche Ressourcen ëmgoen. An mat dësem Budget kréien eis gréng Ministeren och weiderhin déi néideg Mëttele fir an hire Ressorten och déi ganz engagéiert gréng Politik zum Wuel vum ganze Land mat Nodrock weider ze dreiwen.

Kritiker behaapten, de Budget wär eng fragil Rechnung déi op hoffnungsvolle Previsioune berout?

Henri Kox: Dës Kritiker sinn zimlech schlecht drun, well si hunn den aktuelle Schlamassel jo ze veräntweren. Mat dësem Budget brécht Blo-Rout-Gréng mat der Scholdepolitik vun de Virgänger a kennt zeréck zur „aler Schoul“. All Trésorier vun engem Club weess, dass een net éiweg méi kann ausgi wéi een erakritt. Abee, grad dat hunn awer déi viregt Regierunge gemaach. Mat der grousser Steierreform vun 2001 goufe fir t’éischt eis Reserve geplëmmt, an dono Scholde gemaach fir de System weider kennen ze finanzéieren, a mat der Kris koumen dunn all Joers nach méi Scholden dobäi. An dat bescht: De Finanzminister wosst schonn 2007, datt mir ab 2015 e puer honnert Milliounen Euro Steier-Recetten aus dem E-Commerce géife verléieren. Trotzdem gouf näischt ënnerholl. An elo feelen eis dëst Joer effektiv em di 630 Milliounen Euro, ouni datt nach Reserven do wären. Dat ass d’Ierfschaft déi der neier Regierung an d’Wéi geluecht gouf! Am Ënnerscheed zu de Virgänger huet Blo-Rout-Gréng awer direkt den néidege Courage bewisen, a schonn d’läscht Joer mam Zukunftspak och kontrovers Moossnamen ergraff, déi néideg si fir d’Kar aus dem Dreck ze zéien a Lëtzebuerg aus der Scholdespiral ze befreien.

D’Situatioun schéngt sech wirtschaftlech lues a lues ze verbesseren. Wéini kann de Staat dann nees Suen ausdeelen ?

Henri Kox: De Finanzminister huet vu „virsiichteg optimistesche“ Previsioune geschwat mee och gläichzäiteg betount, datt kee Spillraum fir Kaddoen do wär. An dat ass och richteg esou. Mir sinn zwar elo um gudde Wee, mee nach laang net aus dem Schneider. Dofir kenne mir och bei der kommender Steierreform lenks a riets keng Kaddoen ausdeelen. Wat mer awer maachen, ass ze kucken dass virun allem déi Leit vum Staat gehollef kréien, déi d’Hëllef och wierklech brauchen.

Mir mussen optimistesch an trotzdem virsiichteg bleiwen, well déi eng Kris ass nach net eriwwer, an iergendwann kennt déi nächst. Blo-Rout-Gréng huet et fäerdeg bruecht d’Staatsverschëldung iwwert déi zwee läscht Joere ze stabiliséieren, d’Zukunftsinvestitiounen héich ze halen, an dat ouni massiv sozial Aschnëtter mussen ze maachen. A fir dass dat esou bleift, wäerte mir och weiderhin eng virausschauend a vertrauensvoll Finanzgestioun maachen.

——

Fir de geneeë Werdegang an d’Aarbecht rondrëm de Gesetzprojet vum Budget ze suivéieren kennt der op folgend Links klicken:

Projet de loi budget 2016

Projet de loi relatif à la programmation financière pluriannuelle

Weider Informatiounen zum Budget fannt der um offizielle Site.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don