Staat & Kierchen: Interview mam Claude Adam

Archive

22. Januar 2015

5 Froen un de Claude Adam zur Trennung vu Kierch a Staat, dem Wäerteunterrecht, de Kierchefabriken, der Verfassung an dem Referendum

Ass den Accord tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften en historesche Moment?

Claude Adam: Absolut. Mir maache vill Fortschrëtter op ville Gebidder: Mir kréien endlech e neutrale Wäerteunterrecht fir all d’Schüler an der Schoul. Dat stäerkt de gesellschaftlechen Zesummenhalt an et hëlleft dem jonke Mënsch selwer de Wee zu sengen Iwwerzeegungen ze fannen. E ganz grousse Worf ass och de Volet vun de Kierchefabriken, wou d’Gemengen entlaascht ginn, a sech a Punkto Ëmfunktionaliséierung vun engem Deel vun de Kierchegebaier intressant Dieren opmaachen. Schlussendlech gëtt och de staatleche Finanzement vun de sougenannte Ministres des Cultes aus der Verfassung gestrach a mer ginn op de Wee, datt sech d’reliéis Communautéiten an Zukunft wäitgehend selwer finanzéieren.

Mee och d’CSV huet nach een zousätzlechen historesche Moment bäigesteiert. Datt d’CSV als Oppositiounspartei géint een Accord vun der Regierung stëmmt ass net weider verwonnerlech. Et ass allerdéngs fir d’éischt, datt d’CSV géint een Accord gestëmmt huet, deen e.a. d’kathoulesch Kierch ausgehandelt huet! Eigentlech kaum ze verstoen. D’CSV huet kee Vertrauen an en Accord deen d’kathoulesch Kierch gutt genuch fënnt fir z’ënnerschreiwen.

Wéi gesäit de Wäerteunterrecht dann an Zukunft aus?

Claude Adam: Hei muss een ënnerscheeden tëscht der Grondschoul an dem Secondaire. An der Grondschoul ass et esou, datt dee Cours vum Enseignant selwer gehale gëtt. Wéi aner Fächer och, kann den Enseignant och de Wäerteunterrecht ofginn, wann seng Tâche dat zouléisst. Et ginn keng extra Wurschte fir d’Personal gebroden, mee de Staat garantéiert awer och, datt déi Leit, déi de Reliounsunterrecht gehal hunn am Kader vun hirer Formatioun a mat der néideger Weiderbildung, eng Ustellung beim Ministère de l’Education nationale (MEN) kréien. Dat ass iergendwéi och dem Staat seng Flicht. Wat den Inhalt vun dem neie Wäerteunterrecht ugeet, sou gëtt dee vun enger nationaler Programmkommissioun ausgeschafft a muss vum Minister validéiert ginn. Am Secondaire hu mir haut Proffen, déi  d’Relioun respektiv d’Morale Laïque halen. Hei ass d’Fro vun der Formatioun an der Weiderbildung manner komplizéiert, an déi Leit hunn och schonn haut als Patron den MEN.

Grouss Changementer ginn et och um kommunale Niveau?

Claude Adam: Jo, an Zukunft mussen d‘Gemenge net méi fir den Ënnerhalt vun de Kierchegebaier opkommen. Dat heescht konkret: d’Kierchefabrike ginn ofgeschaf an duerch e spezielle Fong ersat, aus deem d’kathoulesch Kierch hir Infrastrukture selwer finanzéiert. Déi Kierchegebaier, déi de Bistum net behale wëll oder kann, kënne per Virkafsrecht zum symboleschen € un d’Gemeng goen, déi dat Gebai da fir aner Zwecker ëmfunktionaliséiere kann, woumat sech fir d’Gemenge ganz interessant Méiglechkeeten ubidden. Ech muss soen, datt ech wierklech ganz positiv iwwerrascht sinn, datt mer zesumme mat der kathoulescher Kierch zu dëser Léisung komm sinn.

Hu mer dann elo endlech d’Trennung vu Kierch a Staat?

Claude Adam: A mengen Aen jo. Ob mer elo vun engem laizistesche Staat kënne schwätzen oder net, doriwwer kann een diskutéieren an philosophéieren. Dat hänkt vun enger Definitioun vun laizistesch of. Fir mech ass dat net wesentlech. Wesentlech ass: D’Subventioune gi vu ronn 25 Milliounen € d’Joer no enger Iwwergangszäit, lues a lues awer ganz drastesch op ronn 8 Milliounen erof. Den Artikel 106 gëtt gestrach, de Staat ass also net méi verflicht, d’Paie vun den zukünftegen Ministres des Cultes ze bezuelen. De Staat bidd de Communautéite just nach e finanzielle Sockel un, deen se dann awer selwer geréiere mussen. De Staat ass a Reliounsfroe neutral an onparteiesch, sou kënnt et an déi nei Verfassung stoen. All reliéis Communautéite verflichten sech dozou, eis gesellschaftlech Rechter a Fräiheeten, d’Mënscherechter an d’Gläichheet vu Mann a Fra ze respektéieren, esou steet et an der neier Konventioun.

Duerch deen Accord ginn d’Leit elo am Referendum net méi zu deem Sujet gefrot…

Claude Adam: Jo, ech verstinn, datt vill Leit dat op den éischte Bléck als Réckzéier gesinn. Dat huet awer eng ganz einfach Erklärung. Et ass jo hei – wat oft mëssverstan ginn ass – net drëms gaang pro/kontra Kierch ofzestëmmen. Villméi ass déi Fro ursprénglech aus deem Grond gestalt ginn (ewéi déi aner Referendumsfroen iwwregens och) well mer an der Chamber kee Konsens, keng 2/3 Majoritéit fonnt hunn, déi bei Verfassungsännerungen awer néideg ass.

An der aktueller Konstitutioun steet: „Art. 106. Les traitements et pensions des ministres des cultes sont à charge de l’Etat et réglés par la loi.“ Do huet CSV ëmmer refuséiert, dat aus dem Text erauszehuelen. Elo hu mer de Konsens an dëser Fro awer nach fonnt – den Artikel 106 gëtt gestrach – dofir ass déi Fro: „Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt de Staat net méi d’Verflichtung huet, d’Paien an d’Pensioune vun de Kultusdénger vun den Glawensgemeinschaften ze iwwerhuelen?“ einfach iwwerflësseg.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don