Reform vun der Fonction Publique

Archive

25. März 2015

Kuerzinterview mam Claude Adam iwwert d’Reform vun der Fonction Publique

Hu mer eng Reform vun der Fonction Publique gebraucht?

Claude Adam: Jo! D’Carrièrë beim Staat ware bis elo just op zwee Critèren opgebaut: Den Diplom, mat deem ee beim Staat ugefaang huet mat schaffen, an d’Anciennetéit, also d’Déngschtjoeren déi ee beim Staat ugesammelt huet. An Zukunft wäert den Aspekter Responsabilitéit a Performance méi Bedeitung zoukommen. De Staat gëtt sech a senge Beamten eng gestion par objectifs fir d’Institutioune besser un d’Besoine vun de Bierger a Biergerinnen unzepassen. All Verwaltung soll hier Objektiver definéieren, an dann hier Moyen’en ofstëmmen, fir zu dësen Ziler ze kommen. Et gëtt och eng d’Bachelor Carrière agefouert, déi bis elo nach an der Fonction publique gefeelt huet. Eng Moderniséierung vun der Fonction Publique war noutwendeg.

 

Eng grouss Neierung ass de Stage an der Fonction Publique. Wat ännert dann elo?

Claude Adam: Fir d’Beamten, déi an Zukunft den Déngscht beim Stad untrieden, ass e Stage vun 3 Joer mat reduzéiertem Gehalt agefouert ginn. (80% vum Gehalt déi zwee éischt Joer, an 90% am drëtte Joer). Et ass festgestallt ginn, datt et eng Aféierung an de Beruff brauch, e Stage soll eng Ënnerstëtzung fir déi Jonk sinn. Et läit elo um Patron Staat, déi 3 Joer Stage méiglechst sënnvoll ze gestalten. Dee Stage muss een natierlech packen, den Echec soll allerdings d’Ausnahm bleiwen. D’Ufankscarrièrë beim Staat leien däitlech iwwert deenen am Privatsecteur, dat huet mat derzou bäigedroen, datt bei den Ufanksgehälter eng Reduktioun komm ass, déi, well se sech op de Stage beschränkt, de Rescht vun de Carrièren net Duerchernee geheit. 

 

Eng Rei Leit sinn onzefridde mat der Reform, sinn och Saache schif gelaf ?

Claude Adam: Et ass fir mech scho bal ondenkbar, haut nach eng gréisser Reform ze maachen, wou 100% vun de Leit zefridde sinn. Onzefridde sinn zum Deel d’Educateuren an d’Educateurs graduéën. Déi ginn elo endlech an déi richteg Carrière agestuuft, eppes wou dës Beruffsgruppe scho jorelaang drop waarden. Déi Kollegen, déi sech jorelaang fir eng Upassung vun der Carrière agesat hunn, gewanne manner bäi ewéi sinn sech erhofft haten. A fillen sech ongerecht behandelt. Net zefridde sinn och d’Chargé de Cours an Deeler vun der Police. Déi ganz Reform sollt käschtenneutral bleiwen, dat ass en Deel vun der Erklärung. Eng Rei Doléancë ginn als berechtegt agestuuft, et ass jo och net esou wéi wann et an Zukunft net méi zu Verhandlungen tëschent dem Patron Staat a senge Salariéë géing kommen.

 

Dat heescht, den Dossier ass nach net ofgeschloss?

Claude Adam: Mir hate schonn an eisem Wahlprogramm stoen, datt mer de Gehälteraccord awer och den ausgehandelte Beamtestatut géife respektéieren, duerfir hu mer de Pak och net nach eng Kéier opgemeet. D’Gesetzprojete sinn an der Chamber votéiert ginn. Et ass fir mech kloer, datt dat, wat mer ofgestëmmt hunn, och elo gëllt.

D’Aarbecht ass mat dësem Accord awer nach net ofgeschloss. Et kéint een esouguer soen, déi eigentlech Aarbecht géing réischt ugoe mat der Ëmsetzung vun der Reform an deene verschiddene Secteure vun der Fonction Publique. Dat gëtt bestëmmt nach spannend Diskussiounen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don