Projet de loi zu de Patienterechter

Archive

19. Juni 2014

En Dënschten, de 17. Juni, gouf an der Chamber de Projet de loi iwwert d’Patienterechter gestëmmt. Hei dräi Froen un d’Josée Lorsché zum Sujet a seng ganz Ried.

Wat fir Verbesserunge bréngt dat neit Gesetz de Patienten ?

Josée Lorsché: Fir d’éischt emol faasst d’Gesetz sämtlech Bestëmmungen zu de Patienterechter déi et scho ginn, an engem eenzegen Text zesummen. Bis elo waren déi Rechter a villen Texter verstreet.

D’Recht, den Dokter fräi ze wielen, d’Recht, detailléiert vum Dokter informéiert oder net informéiert ze ginn, d’Recht op Konfidentialitéit, d’Recht op eng Vertrauenspersoun an d’Recht op Selbstbestëmmung: alles dat si Rechter, déi et scho ginn. Am neie Gesetz ginn s’am Detail definéiert. Domat huet jidfereen den Iwwerbléck, d’Doktere wéi d’Patienten. 

Et gëtt nawell vill Kritik um Gesetz well net direkt eng Konziliatiounsinstanz geschafe gett. Wat sot dir dozou?

Josée Lorsché: D’Mediatioun ass en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. Am Fall vu Konflikter soll se dozou féieren, datt de Patient an den Dokter sech am Gudden eenegen an net direkt op d’Geriicht lafen. De Mediateur spillt dobäi d’Roll vum neutralen an onofhängege Intermédiaire.

Iwwer d’Konziliatiounsinstanz ass scho joerlaang geschwat ginn, mä et war keng Eenegung tëschent dem Minister an de Spideeler respektiv den Dokteren ze fannen. Dowéint war déi Idii scho virun de Wahle fale gelooss ginn. Des Instanz hätt Ermëttlungen erméiglecht, wat verschidden Acteuren awer net wollten. Déijéineg, déi des Instanz elo fuerderen, wëssen dat ganz gutt. Dowéint ass hir Kritik net méi wéi bëlleg Polemik.

Si weider Etappen am Beräich Patienterechter geplangt di nächst Joer?

Josée Lorsché: Et gëtt geschwënn e Gesetzesprojet deposéiert, mat dem e Fong ageriicht gett fir Patienten am Fall vu Behandlungsfehler z’entschiedegen. Dat zielt fir déi Fäll, wou d’Ursaache vum Feeler net kloer z’identifizéiere sinn. Beispillsweis bei Infektiounen an de Spideeler. Desen Indemnisatiounsfong soll an engem Joer op de Bee stoen a wäerd vill penibel Geriichtsprozesser verhënneren. 

Op Initiative vun deene gréngen hunn d’Majoritéitsparteien eng Motioun deposéiert a gefuerdert, datt d’Mediatioun an dräi Joer evaluéiert soll ginn.  Wann et sollt néideg sinn, ginn déi néideg Adaptatiounen un desem neien Instrument gemaach.

Hei dem Josée Lorsché seng ganz Ried:

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don