Pestiziden am Drénkwaasser: „Et war net keen!“

Archive

15. Oktober 2014

4 Froen un de gréngen Deputéierte Gérard ANZIA zur Belaaschtung vum Drénkwaasser, zu den Ursaache vun der Zäitbomm an de néidege Mesuren, déi elo geholl musse ginn.

1) D’Erhéijung vun de Grenzwäerter huet vill Leit irritéiert. Firwat gouf déi Derogatioun decidéiert?

Gérard Anzia: Eng Derogatioun fir d’Grenzwäerter ass temporär néideg, well soss dierft laut Gesetz op ville Plaze guer kee Waasser méi aus dem Krunn kommen. An dat betrëfft net just privat Haushalter, mä och Betriber, Supermarchéën, Traiteuren, Brauereien, asw. Dës Erhéijung ass awer wéi gesot just eng temporär Mesure, déi u konkret a streng Moossnahmen (cf. Fro 4) gebonnen ass, fir datt de Grenzwäert erëm erreecht gëtt. Se gëllt och net fir d‘ganzt Land, se gëllt just fir déi Plazen, wou et kuerzfristeg keng aner Léisung gëtt. Dës Erhéijung ass awer just ze rechtfäerdegen, well déi Pestizid-Dosen, déi elo fonnt goufen, laut der aktueller Wëssenschaft fir Säugetiere, also och fir de Mënsch ongeféierlech sinn. D’Regierung wëll esou séier wéi méiglech nees zeréck bei d‘Mindestnorm.

2) D’Leit si veronséchert. Kann een d‘Krunnewaasser dann elo nach berouegt drénken?

Gérard Anzia: Dat läit e.a. un der Falschinformatioun, datt 6.000 Liter Pestizid an de Stauséi gelaf wieren. A Wierklechkeet war et jo just dem Bauer säi verdënnte Sprëtzfaass, dat ausgelaf ass a sech am Stausee weider verdënnt an ofgesat huet. D’Substanz selwer (Metazachlor) gëllt an dësen niddregen Dosen als onproblematesch fir de Mënsch. Veronséchere kann eventuell och d’maximal Héicht vun der Derogatiouns-Limite, mä hei gouf sech un enger Standard-Limite aus dem Ausland inspiréiert. A Wierklechkeet leien d‘Belaaschtunge vu de Quelle ganz wäit drënner. An d’SEBES-Waasser ass elo och nees ok an hält den normale Grenzwäert an. D’Filtertechnik eliminéiert e Groussdeel vum Pestizid an dëst Waasser gëtt elo op ville Plazen am Land gedronk. Eenzel Gemengen huelen d‘SEBES Waasser och, fir et mat eegene, net ganz proppere Quellen ze mëschen an d’Drénkwaassernorm iwwert dee Wee ze erfëllen.

3) An ärer Pressekonferenz hutt dir gesot: „Et war net keen!“ Wéi konnt et iwwerhaapt zu dëser „Zäitbomm“ kommen?

Gérard Anzia: D‘Verknaschtung mat Pestiziden an och den Zesummenhang tëscht Waasserqualitéit an der Buedemnotzung ass net nei. Nei ass haut awer, datt elo endlech no deene richtege Substanze gekuckt gëtt. Nieft der grénger Partei hu schonn an de 1990er Joeren eng Rei Organisatiounen dorënner och Bio- a Jongbaueren a –Wënzer Projete proposéiert, fir déi Problematik zesumme mat der Landwirtschaft ze léisen. Dës Initiativë goufe vun der deemoleger Regierung leider just belächelt. Effektiv hunn et d’Virgängerregierungen zanter Joerzéngte verpasst, fir den Drénkwaasserschutz seriéis unzegoen. Am Géigendeel, si hunn d’Gefor verharmlost an ënnert den Teppech gekiert. Obwuel schonn 1993 e Gesetz gestëmmt gouf, fir Drénkwaasser- a Quelleschutzzonen ze definéieren, hunn d’CSV gefouert Regierungen iwwer 20 Joer bewosst keng eenzeg esou Zone geschaf. 2010 huet de Minister Halsdorf (CSV) zwar richteg erkannt, datt se domat selwer eng Zäitbomm fir d’ganzt Land geluet hunn, ënnerholl huet hien awer trotzdem näischt. Amplaz iwwert d’Qualitéit gouf weiderhin ëmmer just iwwert de Waasserpräis geschwat. Et ass elo un der neier Regierung, de Schued ze behiewen, deen iwwert Joerzéngten ugeriicht gouf…

4) Wat mécht déi nei Regierung fir des Zäitbomm ze entschäerfen an de Problem an de Grëff ze kréien ?

Gérard Anzia: An dëser Regierung schaffen Environnement, Agriculture & Santé endlech gutt zesummen a sinn am gaangen, all d’Versäumnisser vun de Virgängerregierungen opzedecken. Dës Regierung wäert dofir suergen, datt all Quellen, déi Drénkwaasser liwweren, ënnert d‘Lupp geholl a speziell op déi Pestiziden analyséiert ginn, déi ronderëm gesprëtzt ginn. D’Pestizidegesetzgebung wäert däitlech verschäerft an déi éischt Quelleschutzzonen ausgewise ginn. An dësen Zonë gëtt dann a Kooperatioun mat der Landwirtschaft de Problem ugepaakt. Dobäi spillen eng intensiv Berodung a finanziell Bäihëllefen eng entscheedend Roll, fir de Problem un der Wuerzel ze léisen. Fir déi streng Grenzwäerter anzehale ginn och kuerzfristeg d’Opbereedungsanlage fir Drénkwaasser verbessert, an d’Analyse vum Drénkwaasser mussen allen Konsumenten zougänglech gemaach ginn.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don