Nom Referendum: Interview mam Claude Adam

Archive

12. Juni 2015

Am Referendum hunn d’Bierger iwwert 3 Froen ofgestëmmt, mat deenen d’Chamber net weiderkomm ass. Och wann dobäi net dat erauskomm ass, wat mer eis als gréng erhofft haten, fanne mer et gutt a richteg, datt d’Leit gefrot an entscheede gelooss gi sinn. Dozou 4 Froen un de Claude Adam:

Du waars an der Referendumskampagne de grénge Porte Parole an hues op Table-Ronden, bei Interviewen an op Info-Stänn probéiert de Leit d’Argumenter fir déi gréng Positioun ze vermëttelen … Wéi grouss ass d’Enttäuschung?

Claude Adam: Ech sinn ëm eng Illusioun méi aarm an ëm eng Erkenntnis méi räich. Natierlech sinn ech enttäuscht, mä och wa bal 80% dat anescht gesinn, stinn ech weider zu mengen Iwwerzeegungen, woufir ech déi lescht Woche gekämpft hunn. Mir hunn als Partei vun der Majoritéit vun Ufank u kloer an däitlech gesot, datt dee Referendum gemaach gëtt, fir datt d’Leit tranchéieren, an datt mer de Vote respektéiere géifen. An dat maache mir als gréng elo och selbstverständlech.

Wourun huet et geleeën?

Claude Adam: Dorop gëtt et keng einfach Äntwert. Et schéngt e Malaise an der Bevëlkerung ze ginn, dee mat der lëtzebuerger Identitéit an der Sproochesituatioun am Land zesummenhänkt. Déi ganz Debatt ass vun dëser Problematik dominéiert gewiescht. Vläicht hunn d’Leit Zukunftsängscht, se wëssen datt Lëtzebuerg a Punkto Globaliséierung keng Insel ass, se fillen sech vu bausse bedrängt. Dat si Suergen, déi ech verstoe kann, an déi mer eescht huele mussen, well se soss eng geféierlech Stëmmung schafe kënnen. Dat ass awer just eng éischt a ganz iwwerflächlech Analyse. Iwwert déi nächst Wochen a Méint musse mer d’Ursaache vun deem Vote genee erfuerschen a kucke wéi eng weider Konsequenze mer doraus zéien.
 
Wéi geet et dann elo konkret weider?

Claude Adam: Mir wäerte – wéi gesot – de Vote vun der Bierger respektéieren an déi Decisioune vum Referendum an déi weider Aarbechten un der neier Verfassung afléisse loossen. Mer wäerten och net dolaanscht kommen, eis de Froen no der Identitéit, Sprooch an Integratioun ze stellen. Mä anersäits bleift laangfristeg och d’Fro vum Demokratiedefizit bestoen. Dee wäerte mer dann elo éischter iwwert de Wee vun der Nationalitéit léise mussen. E nächste Schrëtt wäert dofir sécherlech d’Diskussioun iwwert d’Reform vum Nationalitéitegesetz sinn. Sou oder sou, d’Zil vun eiser Politik muss weiderhin dat harmonescht Zesummeliewen hei am Land sinn.

Eng lescht Fro: traut de Lëtzebuerger sengen eegene Kanner an Enkelkanner net?

Claude Adam: A villen Diskussioune virum Referendum, konnt een zum Schluss kommen, datt sech déi Jonk d’Politik selwer net zou trauen. Dat ass schued, well déi Jonk hu genee souvill ze soen ewéi hir méi al Matbierger. D’Jugendwahlrecht ass elo vum Dësch. Wéi schonn am Regierungsprogramm geplangt, wäerte mer doru schaffen, fir d’politesch Bildung an de Schoulen ze thematiséieren an ze vermëttelen, datt d’Politik eng Chance ass, eppes ze beweegen. Déi Jonk solle Loscht kréien an dat néidegt Selbstvertrauen, fir sech gesellschaftspolitesch z’engagéieren.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don