Netzneutralitéit zu Lëtzebuerg festschreiwen

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Culture et Médias Démocratie, Etat, Institutions Technologies nouvelles
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Schon Enn 2011, wéi de gréngen Deputéierte Claude ADAM d’Regierung iwwert de Prinzip vun der Internetnetzneutralitéit interpelléiert hat, hat d'Chamber eestëmmeg d'Regierung opgefuerdert de Prinzip vun der Netzneutralitéit gesetzlech festzeschreiwen. Am Géigesaz zu eis schéngt d'Majoritéit hier Meenung awer geännert ze hunn: "Kee Besoin fir gesetzlech aktiv ze ginn".

No de villen an interessanten Entrevuen an Diskussiounen an der Kommissioun, no der Lecture vum Rapport vum Här Berger (DP), bleiwen déi gréng der Meenung, datt mer zu Lëtzebuerg sollten de Prinzip vun der Netzneutralitéit an d’Gesetz schreiwen. De Claude Adam hat sech dofir och am Numm vun der grénger Fraktioun beim Vote vum Här Berger sengem Rapport iwwert d'Netzneutralitéit enthalen. Mir deelen zwar vill Ausoen an Analysen am Rapport, mee kommen awer zu enger anerer Conclusioun! De Rapport kënnt nämlech zur Conclusioun datt een elo mol einfach näischt zu Letzebuerg maachen an op d'EU waarde soll.


déi gréng plädéiere genee wéi 2011 fir de Contraire: De Claude Adam deposéiert haut nach eng Kéier eng Motioun, fir d'Netzneutralitéit zu Lëtzebuerg gesetzlech ze verankeren. De Prinzip vun der Netzneutralitéit ass nämlech ze wichteg fir en dem fräie Maart ze iwwerloossen. De fräie Maart ass kee faire Maart. E privilegéiert déi Grouss, d’Monopolisten, finanzstaark international Konzerner. PME, innovativ Startup-Betriber oder Open-Source Projeten ginn hei benodeelegt.


Mee d’Netzneutralitéit huet och e wichtegen dateschutzpoliteschen Notze fir de Bierger an eis ganz Gesellschaft! Wann d’Operateuren net gezwonge sinn fir sech par rapport zum transportéierte Contenu neutral ze verhalen, ass et fir si natierlech méi lukrativ fir verschidde Contenuen geziilt ze privilégéieren oder au contraire ze bremsen. Fir des Prioritéite kënnen z'applizéiere musse si awer wësse wat an den eenzelnen Datepäck drann ass. Dofir gëtt et dann esou „flott“ Techniken wéi "Deep Packet Inspection". Keng streng Netzneutralitéit anzeféieren bedeit dofier de Wee prett ze maache fir eng systematesch Iwwerwaachung an e Filtrage vum Internettraffik.

Motion - Netzneutralitéit

gréng Blogs