Mesuren Terrorgefor: Véier Froen un d'Viviane Loschetter

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Justice

Publié le

Interview mat der Presidentin vun der Commission juridique an der Chamber Viviane Loschetter

D’Regierung huet e Projet de loi deposéiert mat 7 Mesurë fir Lëtzebuerg besser virun der Terrorgefor ze schützen, de Kampf géint d’Radikaliséierung ze verbesseren an d'Sécherheet vum Land ze garantéieren. Dozou 4 Froen un d’Viviane Loschetter, Presidentin vun der Commission juridique an der Chamber:

Ëm wéi eng Mesurë geet et?

Viviane Loschetter: Ech ginn elo net an den Detail vun deene 7 konkrete Mesuren, déi stinn detailléiert am Projet de Loi n°6921 dran; méi intressant ass d’Grondlag vun de Mesuren. Et sinn alles Mesure fir eng präzis Enquête op Basis vun enger Strofdot oder engem Verdacht op eng Strofdot. All dës Mesurë stinn iwwregens och elo schonn am Code d’Instruction Criminelle. An Zukunft sollen se ausschliisslech am Fall vun enger Menace géint d’Sécherheet vum Land oder bei akuter Terrorgefor vun der Justiz, respektiv den Untersuchungsriichtere méi séier kennen ugewennt ginn.

Wéi kann ee garantéieren, dat elo net d’Fräiheete vum Eenzelnen aschränkt ginn an et net zum Abus kënnt?

Viviane Loschetter: Dës Mesurë sinn eng punktuell Adaptatioun am Code d’Instruction Criminelle. Si musse vum Untersuchungsriichter, a verschidde Mesuren esouguer nach zousätzlech vum President vun der Chambre de Conseil vun der Cour d’Appel - engem Riichter also - guttgeheescht ginn. All des Mesuren ënnerstinn also ëmmer dem Contrôle judiciaire. An et musse jeeweils serieux Indice virleie fir se unzewennen.

Doriwwer eraus kënnen dës Mesurë wéi gesot, just ugewannt gi, wann eng Menace fir d’Staatssécherheet besteet. Mir sinn also wäit ewech vun engem Generalverdacht oder ondifferenzéierten Iwwerwaachungsmesuren. D'Fräiheet vum Eenzelne gëtt domadder net hannerfrot. Ouni Sécherheet ka keng Gesellschaft fräi liewen.

Wéi sinn d’Regierung an onse Justizminister no den Attentater zu Paräis virgaangen?

Viviane Loschetter: Fir d’Regierung a virun allem fir de Justizminister Felix Braz wor et wichteg, fir mat klorem Kapp virzegoen. Keng iwwerstierzten Decisiounen ze huelen, mee sachlech a professionell Propositiounen auszeschaffen, déi an dëser komplexer Situatioun weiderhin d’Sécherheet vum Land a vun ons all kënne beschtméiglechst ofsécheren. Si hunn net nëmme repressiv Mesurë virgestallt, mee och eng Rei präventiv Mesuren, fir zum Beispill dofir ze suergen datt eng Radikaliséierung vun onse jonke Mënschen iwwerhaapt mol net méiglech gëtt.

Oder awer och fir dofir ze suergen, dat mer zu Lëtzebuerg Programmer kënnen ubidde fir jonk Mënschen ze hëllefen sech ze deradikaliséieren. Esou Programmer ginn et schonns, zum Beispill an de skandinavesche Länner.

Eng gréng Motioun ass an der Chamber ugeholl ginn?!

Viviane Loschetter: Jo, déi gréng Fraktioun huet eng Initiative ergraff, an d’Regierung opgefuerdert esou séier wéi méiglech e Projet de Loi ze deposéieren, fir géint de Finanzement vum Terrorismus virzegoen. Mir sollen hei zu Lëtzebuerg ons Verantwortung iwwerhuelen. Et soll an Zukunft méiglech ginn, bei engem konkrete Verdacht, d’Konten hei zu Lëtzebuerg ze blockéieren, dat heescht direkt an engem fréie Stadium vun enger Enquête.