Lëtzebuerg op d’Been stellen

Archive

9. Juli 2013

Wéinst der Geheimdéngschtaffär huet de Premierminister den 10. Juli Neiwahlen ageleet. Bei dëse Wahle geet et awer net ëm de Jean-Claude Juncker, mä et geet ëm Lëtzebuerg. Et geet ëm Inhalter a net ëm Persounen.

Déi lescht Méint woren zimlech turbulent zu Lëtzebuerg. Et sinn eng ganz Rei Mëssstänn opgedeckt ginn, déi dem Land geschuet hunn, an duerch déi och d’Vertrauen an d’Politik  gelidden huet. De Bommeleeër-Prozess, d‘Geheimdéngscht-, d’Cargolux- an d‘Léiweng-Affären si just e puer Beispiller, déi weisen, datt mer zu Lëtzebuerg eng nei politesch Kultur brauchen, déi Transparenz a Responsabilitéit eescht hëlt!

D’Opklärung vun dëse Mëssstänn war wichteg. Elo awer musse Léieren doraus gezu ginn, a mer mussen no vir kucken: D’Kris an Europa zitt net laanscht Lëtzebuerg. Déi Schwaachst an eiser Gesellschaft kréien dat haut schonn ze spieren. Vill Leit stellen sech zu Recht d’Fro, wou Lëtzebuerg sech economesch hi beweegt a wat dat fir si bedeit.

Mir bidde konkret Äntwerte fir de Familljen an hire Kanner eng gutt Betreiung, Bildung a Beruffsausbildung ze erméiglechen, a fir d’Wunnen zu Lëtzebuerg erëm bezuelbar ze maachen.

Lëtzebuerg brauch e neien Elan, an dat a ville Beräicher! D’Biergerinnen a Bierger wëllen, datt et weider geet. Vill vun hinne sinn och bereet, fir no neie Weeër ze sichen, fir datt Lëtzebuerg mat héijer Liewensqualitéit, enger gudder sozialer Ofsécherung, enger nohalteger Economie an enger politescher Erneierung erëm op d’Féiss kënnt.

Mir hunn e Konzept, fir Lëtzebuerg nei opzestellen an domat aus der wirtschaftlecher a sozialer Kris eraus ze kommen.

Wann Dir un eiser Aarbecht intresséiert sidd, da gitt Member, abonnéiert eis Newsletter oder suivéiert eis op Facebook oder Twitter. Mir halen Iech um Lafenden a mir freeën eis op är Ënnerstëtzung.

gréng Newsletter

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don