Kuerzinterview mam Gérard Anzia zum Rifkin-Rapport

Publié le

"Lëtzebuerg brauch sech net nei ze erfannen, mee mer mussen eist Land op der Grondlag vu senge Stäerkten weider denken. Fir d’Liewensqualitéit mat allem wat dozou gehéiert, eng intakt Ëmwelt, eng gesond Ekonomie an eng gerecht Gesellschaft laangfristeg fir eis Kanner an Enkelkanner ze garantéieren, musse mer Lëtzebuerg weider entwéckelen."

Wann een d’Schlagzeilen an de Resumé vum Rifkin-Rapport liest, da kéint dat och bal alles aus engem grénge Wahlprogramm geholl sinn… 

G. Anzia: Jo a Nee. Natierlech si vill Kärelementer dran, déi sech mat laangjärege Fuerderunge vun der grénger Partei decken, an déi vun de virrechte Regierunge leider wäitgoend ignoréiert goufen. Allerdéngs muss ee kloer soen, datt hei op Regierungsniveau partei- a ressortiwwergräifend zesummegeschafft gouf. Déi konkret Zukunftsgestaltung vum Lëtzebuerger Land – an do ware mir eis vun Ufank un all eens – ass ze wichteg fir parteipolitesch Polemik. Mä du hues Recht, natierlech ass et och e gutt Beispill fir d’Wierksamkeet vu grénger Regierungspolitik. An – och dat ginn ech gären zou – et mécht mech natierlech frou, datt mat Stéchwierder ewéi 70% erneierbar Energien, Verzicht op Kuel an Atom, 100% Elektromobilitéit, Kreeslafwirtschaft an 100% Biolandbau ur-gréng Fuerderungen ëmgesat solle ginn.

Ënnert der „3. industrieller Revolutioun“ ka sech elo net onbedéngt jiddereen eppes virstellen…

G. Anzia: De Rifkin gesäit dës global Revolutioun, déi op eis zoukënnt, an déi Energie, Transport a Kommunikatioun matenee verbënnt, als eng eenzegaarteg Chance fir all Land, dat sech drop virbereet. A genee dat maache mir elo konsequent fir Lëtzebuerg. Den aktuelle globale Wirtschaftssystem baséiert op fossiller Energie a féiert zu Konflikter iwwert Ressourcen an zu groussen ökologesche Problemer. Mat der 3. industrieller Revolutioun wëlle mir elo fort vun dësem Modell, hin zu den erneierbaren Energien, zu manner Ressourceverbrauch duerch méi effizient Wirtschaftsmodeller an zu manner Ëmweltbelaaschtung.

Ass dat net méi Evolutioun wéi Revolutioun ?

G. Anzia: Et geet ëm eng grondsätzlech Weechestellung fir eis Zukunft, mee Lëtzebuerg brauch sech dofir net komplett nei ze erfannen. Et geet drëms fir eist Land weider ze denken, fir Lëtzebuerg op der Grondlag vu senge Stäerkte weider ze entwéckelen. Eist d’Zil an och d’Zil vum aktuellen Debat ronderëm de „qualitative Wuesstem“ ass et, fir laangfristeg eise Kanner an Enkelkanner eng nohalteg Liewensqualitéit mat allem wat dozou  gehéiert, daat heescht eng intakt Ëmwelt, eng gesond Ekonomie an eng gerecht Gesellschaft, ze garantéieren. Doru schaffe mir elo.

Wéi séier soll a kann dat goen ?

G. Anzia: Déi nei Entwécklungsstrategie leet Ziler fir d’Joer 2050 fest a proposéiert och Moossnamen, fir dës Ziler bis dohin ze erreechen. Dat heescht elo geet et als éischt emol ëm d'Weechestellung an dorëms, déi néideg Impulser a Richtung nohalteg Entwécklung ze ginn. Als nächste Schratt mussen déi proposéiert Pisten a Moossnamen a verschiddenen Aarbechtsgruppe konkretiséiert ginn. An och hei gëllt et, méiglechst vill Leit an Organisatiounen anzebannen. Well et ass nëmme gemeinsam, dat heescht, wa mir all un engem Strang zéien an zwar an déi selwecht Richtung, wou mir méi séier virukommen.

------

E Resumé vum Rifkin-Rapport gëtt et hei.

Weider Informatiounen zum Thema op www.troisiemerevolutionindustrielle.lu

 

gréng Blogs