Kooperatiounspolitik ass keng karitativ Veranstaltung

Archive

6. November 2014

Kuerzinterview an d’Chamberried vum Claude Adam iwwert d’lëtzebuerger Kooperatiounspolitik

Hei zu Lëtzebuerger gi mir e bësse méi wéi ee Prozent vu eisem Revenu national brut fir d’aide publique au développement aus. Dëse Montant ass an deene leschte Méint vu kritesche Stëmmen hannerfrot ginn. Wéi soll Denger Meenung no d’Zukunft vun der lëtzebuerger Kooperatioun ausgesinn?

Claude Adam: Fir déi gréng ass Kooperatiounspolitik keng karitativ Veranstaltung, mee eng international Zesummenaarbecht tëschent Regierungen an Zivilgesellschafte vun ënnerschiddleche Länner fir zesummen zu bessere Sozialsystemer, méi Bildung, méi Demokratie, ee gerechten Handel, de Schutz vun eisen natierleche Ressourcen an enger globaler Ëmweltpolitik ze kommen. Als eent vun deene räichste Länner op der Welt solle mir frou sinn, datt Lëtzebuerg och un der Spëtzt steet, wat d’Entwécklungshëllef betrëfft. D’nächst Joer ass d’année européenne au développement ënnert der lëtzebuerger EU Presidence. Dëst gëtt eis d’Chance fir positiv Impulser um europäeschen Niveau ze setzen.

2015 ass ee wichtegt Joer fir d’Entwécklungspolitik

Claude Adam: Richteg. 2015 ass net just d’europäescht Joer vun der Entwécklungspolitik. Dat Joer stellt d’UNO och d’Weiche fir d’Zukunft vun der globaler Entwécklungsstrategie. De Bilan vun den 8 Millenium Developement Goals gëtt gezunn, an d’Post-2015 Agenda gëtt op d’Schinne gesat. Déi nei Zieler – déi sougenannt Sustainable Developement Goals – wäerte Fuerderunge stelle fir déi sech de grénge Mouvement schonns laang asetzt. Duerch déi nei Entwécklungsziler sollen negativ Impakter op eis Ëmwelt minimiséiert ginn an eis allgemengt Konsumverhalen a Fro gestallt ginn.

No der Verëffentlechung vum Zukunftspak goufen et vill Diskussiounen iwwer den zukünftege Rôle deen d‘lëtzebuerger ONGen an der nationaler Kooperatiounspolitik solle spillen. Wéi gesäit Denger Meenung no den zukünftege Rôle vun de lëtzebuerger Kooperatiouns-ONGen aus?

Claude Adam: D’lëtzebuerger Kooperatiouns-ONGen hunn 2013 em déi 20 Prozent vum Gesamtmontant vun der bilateraler Hëllef ëmgesat. Dëst ass e Beweis fir en staarken Engagement vun eiser Zivilgesellschaft un der Kooperatiounspolitik. D‘Mesuren aus dem Zukunftspak sollen ab 2016 en direkten Impakt op eisen ONGen hier Aarbecht hunn. déi gréng wëssen de lëtzebuerger ONGen hier Aarbecht ze schätzen, an d’ONGe sollen och weiderhin e wichtege Rôle an der lëtzebuerger Kooperatiounspolitik spillen. Enger Ëmstrukturéierung vun der lëtzebuerger Kooperatioun, am Dialog mat de concernéierten ONGen, an zu Gonschte vu méi enger grousser Effizienz, sti mir positiv géintiwwer.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don