Kooperatioun: véier Froen un de Claude Adam

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Interview mam Claude Adam iwwer d'Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik an hier Zukunft.

Musse wéinst der méi grousser Zuel u Flüchtlingen déi an Europa kommen méi Suen an d’Kooperatioun fléissen?

Claude Adam: D’Kooperatiounspolitik huet net onbedéngt eng Schlësselroll bei der Migratioun. Zur Zäit kommen déi meescht Flüchtlingen aus Syrien an dem Irak, well se virum Krich an dem Terror fortlafen. D'Zillänner vun der Kooperatioun si net identesch mat deene Länner wou déi meeschte Migranten hierkommen. En plus ass d'Zilpopulatioun vun der Kooperatioun, also déi Äermst vun den Aarmen och net identesch mat deenen déi hei an Europa ukommen. An Afrika sammelen dacks ganz Dierfer Suen fir hire beschte jonke Mann an Europa ze schécken. Dat weist, datt mer an Europa sollen legal Weeër schafen fir datt Mënschen aus den äermste Länner kënne schaffe kommen. D'Migranten schécke meeschtens méi Suen zeréck an hier Heemechtslänner ewéi mir als Entwécklungshëllef dohi schécken.

Wéi wäert d’Kooperatiounspolitik an der Zukunft ausgesinn?

Claude Adam: Kooperatiounspolitik bedreiwe mir net als Selbstzweck. D’Hëllef sollt ëmmer hannerfrot ginn, a mir musse kontrolléieren, fir dass eis Suen sou gutt wéi méiglech agesat ginn; Lëtzebuerg huet eng gutt Renommée. Mir hunn an deene leschten 30 Joer vill geléiert, an zesumme mat eisen ONGen wäerte mir och weider bäiléieren. Mir hunn e gesond Verhältnis tëscht multilateraler a bilateraler Hëllef geschaf, an als räicht Land sollte mir eis weider engagéieren. An Zukunft wäerte mir probéieren nach méi wéi bis elo ob déi äermst Länner ze fokusséieren well eng Rei sougenannte Schwellelänner mëttlerweil an der Positioun si, fir selwer méi fir hier benodeelegt Regiounen a Populatiounen ze maachen.

Wat fir eng Bedeitung hunn déi nei global Ziler vun der UN?

Claude Adam: Déi al Millennium Ziler vun der UN goufen am September duerch déi nei Nohalteg Entwécklungs Ziler ersat. D’Millenniumsziler goufen zwar net all erreecht, mee et huet sech awer villes positiv verännert: et gëtt Fortschrëtter bei der Bekämpfung vun der Kannerstierflechkeet, bei der Reduzéierung vun der extremer Aarmut a bei der Aschoulung. Déi nei Objektiver markéieren allerdéngs e wichtege Paradigmewiessel: si si vill méi breed opgestallt a betreffen net méi just déi sougenannten Entwécklungslänner, mee all d'Länner, also och d’Industrielänner. An si verknäppen de Kampf géint Aarmut an Ongläichheet z.B. och mam Klimaschutz.

Ass fairen Handel eng Méiglechkeet fir eppes géint d'Ausbeutung vun de Leit ze maachen?

Claude Adam: Jo! Produiten aus fairem Handel ze kafen, ass fir eis vläicht just e klenge Geste, mee et ass awer ee Geste dee jidderee ka maachen, an deen d’Produzenten schützt an ënnerstëtzt.

Et kann och keng Fro vum Präis sinn, wann an ëffentlechen Verwaltungen an op Gemengen nach ëmmer Kaffismaschinnen stinn, wou de Kilopräis vun de Kaffiskapselen tëschent 80 an 90 Euro läit; ganz ofgesinn vun der ökologescher Bilanz vun der Verpackung.

Eis Administratioune kennen a mussen hei mam gudde Beispill virgoen, an an deem Sënn begréissen ech et, dass d’Chamber sech och lues awer sécher op fair Liewensmëttel ëmstellt.

gréng Blogs