26. Mai 2011
Déi jonk Gréng setze sech säit längerem mam Thema Werteunterrecht auserneen, an domat och mat der Positioun vum Bistum. Déi Emfro an d’Resultat si fir eis keng Iwwerraschung.
Den Zweck vunn där Emfro besteet net doran, Erkenntnis ze gewannen, mee et geet dem Bistum dorem, dat Resultat ze kréien, wat e sech fir d’Wahrung vu senge Privilegien wënscht. Deem entspriechend suggestiv ass d’Froestellung (…)
Luxemburg, den 01. November 2008
Déi jonk Gréng setze sech säit längerem mam Thema Werteunterrecht auserneen, an domat och mat der Positioun vum Bistum. Déi Emfro an d’Resultat si fir eis keng Iwwerraschung.
Den Zweck vunn där Emfro besteet net doran, Erkenntnis ze gewannen, mee et geet dem Bistum dorem, dat Resultat ze kréien, wat e sech fir d’Wahrung vu senge Privilegien wënscht. Deem entspriechend suggestiv ass d’Froestellung:
– „Quelle est l’importance que les interviewés accordent à l’existence d’un lieu à l’école où sont évoquées les questions morales, religieuses et philosophiques ?“
Relioun get hei bewosst gläichgesat mat de Begreffer Philosophie a Moral, déi vu Natur aus positiv gewert ginn. Wien dess Fro wéinst der Relioun negativ beäntwere wëll, muss dat automatesch och fir d’Moral an d’Philosophie maachen. Kee Wonner also, dass 93% vunn de Leit dess Fro positiv beäntweren. Dat get dann sou interpretéiert, dass och 93% vunn de Leit d’Relioun wichteg fannen an der Schoul.
Aus der Siicht vun der empirescher Sozialfuerschung ass eng Emfro mat enger solch simplistescher an suggestiver Froestellung direkt disqualifizéiert.
Weider gëtt gefrot:
– „L’école doit-elle continuer à laisser le choix entre le cours d’éducation morale et sociale (morale laïque) et celui d’instruction religieuse et morale ?“
87% vunn de Befrooten soen jo. Hei misst ee sech elo d’Fro stellen, wat d’Leit geäntwert hätten, wann een d’Fro folgendermoosse gestallt hätt: „Fann Där e gemeinsame Werteunterrecht an eise Schoulen eng gudd Idi?“ Do hätte secherlech méi wéi 13% jo gesot. Géif een déi positiv Äntwerte vu beide Froen zesummenzielen, kéim een op en Total vun wäit iwwer 100% an domat zu engem Widersproch.
– „Quels sont les points importants à aborder au cours d’instruction religieuse et morale ?“
2 Topäntwerten an der Emfro sinn hei: développement personnel des jeunes gens an comment cohabiter dans une société multiculturelle et multi-religieuse
Lo ass et awer eischter esou, dass eng Opdeelung an kathoulesche Reliounsunterrecht an Moral-Laique-Sammelbassin enger kultureller Unnäherung éischter entgéint wierkt, wéi se fördert. Hei wier e gemeinsame Werteunterrecht wesentlech méi sënnvoll. Och fir d’fräi Entwécklung vum Kand ass et net konstruktiv, wann d’Kanner vun hieren Elteren an deen een oder an deen aanere Tirang gepresst ginn, wann een dervun ausgeet, dass Relioun a Weltanschauung eng perséinlech Privatsaach sinn.
Eng grouss Majoritéit ass laut deser Emfro der Meenung, dass déi aktuell Opdeelung gudd ass, a gläichzäiteg sinn hier awer Aspekter wichteg, déi vunn deser Opdeelung éischter verhënnert wéi gefördert ginn. Dese Widersproch weist, dass d’Froestellung vunn där Emfro der Komplexitéit vum Thema net usatzweis gerecht gëtt.
D’Thema Wertevermettlung huet vill Facetten: d’Wuel an d’fräi Entwecklung vum Kand/Schüler, d’Religiéisitéit vun den Elteren, d’Aufgabe vun der ëffentlecher Schoul, etc… Eng Persoun, déi sech wéineg mat deem Thema am viraus auserneen gesat huet, a vunn der Ilres iwwer Telefon déi Froe gestalt kritt, tendéiert duerchaus dozou, ze soen, dass eng Opdeelung an Reliounsunterrecht an Moral-laique eng gudd Saach ass. Et huet een dee Moment sécherlech net déi ganz Komplexitéit vum Thema am Kapp. An och wann een se am Kapp hätt, kéint een se opgrond vun där simplistescher Froestellung net zum Ausdrock bréngen.
Dat well elo net bedäiten, dass déi interviewte Leit onwëssend an onverantwortlech sinn, mee et bedäit villméi, dass hei e facettenräicht Thema bewosst simplifizéiert gëtt, sou dass eng komplex Äntwert, déi dem Thema gerecht géif ginn, onméiglech bleiwt.
Déi Emfro ass fir eis dofir näischt aanecht wéi e Versuch vum Bistum, déi eege Privilegien am lëtzebuergeschen Edukatiounssystem weider ze rechtfertegen an ze verteidegen.
Déi eenzeg Fro, déi eiser Meenung no eng gewessen Aussokraaft huet, ass dess:
– Quelles sont – selon les interviewés – les raisons d’inscrire les enfants au cours d’instruction religieuse & morale?
85% änteren par tradition, 77% par habitude, dono kennt lang näischt méi.
Eiser Meenung no sollt et bei der Werteerzéihung vunn eise Kanner awer éischter em Verantwortung a Kompetenz a manner em Traditioun a Gewunnegt goen.
Fir déi jonk gréng
Nadine Schmit Philippe Schockweiler
Sprecherin Sprecher