Jugendchomage : Tribunes libres vun déi jonk gréng op RTL an um 100Komma7

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Emploi et Travail Enfance et Jeunesse
Auteurs : 
déi gréng
Jugendchomage : Tribunes libres vun déi jonk gréng op RTL an um 100Komma7

Publié le

Ronn 1 Joer no dem Projet de loi 5611, an ronn 1 Joer virun de Wahlen behuelen sech d'Regierungsparteien, LSAP a virun allem d CSV, wéi wann dest Gesetz scho kalen Kaffi wär. Abé, onst Land huet awer massiv Problemer besonneg um Gebitt vum Chomage: Net nëmmen hu mir zu Lëtzebuerg säit iwwer 8 Joer en konstant steigenden Chomagetaux (vun 2,6 % am Joer 2000 op 4,2% am März 2008), mee et existéiert ee vun Säite vun der Regierung ënnert den Dësch gekiertenen Problem, virun allem mat der Jugendaarbechtslosegkeet.

Ronn 1 Joer no dem Projet de loi 5611, an ronn 1 Joer virun de Wahlen behuelen sech d'Regierungsparteien, LSAP a virun allem d CSV, wéi wann dest Gesetz scho kalen Kaffi wär. Abé, onst Land huet awer massiv Problemer besonneg um Gebitt vum Chomage: Net nëmmen hu mir zu Lëtzebuerg säit iwwer 8 Joer en konstant steigenden Chomagetaux (vun 2,6 % am Joer 2000 op 4,2% am März 2008), mee et existéiert ee vun Säite vun der Regierung ënnert den Dësch gekiertenen Problem, virun allem mat der Jugendaarbechtslosegkeet.

Zënter 1979 besetzt d’CSV dëse Ressort an der Regierung, an trotz dem sougenannten „séchere Wee“ hun mir zu Lëtzebuerg  iwwer 16 % vun den Chomeuren déi ënner 25 Joer sinn. Am räichsten EU-Land matt prozentual bal de meeschte Profitëmsätz an der Wirtschaft, kann dat dach net méiglech sinn. Kontinuéierlech sinn d’CSV an hir jeweileg Regierungspartner dobäi, de jonke Generatiounen hir Zukunft ze verbauen, a Politikverdruss duerch hier diskriminatoresch Politik ze schafen.

Et wonnert dann scho bal kee méi dass mer zu Lëtzebuerg och e latenten Problem hunn dass ëmmer méi Kanner a Jugendlecher ënnert der Armutsgrenz liewen, an vill vun hinnen riskéieren an d'Aarmut ofzerutschen.

Datt dëse Problem och mat der Schoul ze dinn huet schéngen déi wéinegst an der Regierung bis elo verstanen ze hunn : Alleng am Joer 2006 sinn 6400 Jugendlecher aus der Schoul geflunn, oder hu se ofgebrach -  a koumen ouni iergend een Ofschloss op den Aarbechtsmaart. Dëst sinn natierlech denkbar schlecht Virraussetzungen fir sech eng sécher Zukunft opzebauen.

Dat huet dann och näischt mam Engagement vun onsem Léierpersonal ze dinn mee éischter matt onsem Schoulsystem, deen einfach net méi den Ufuerderungen vun onser Gesellschaft entsprécht. E gutt Beispill dofir ass d'Initiativ vun der portugisescher Kommunitéit fir eng eege Privatschoul no hire Besoinen ze bauen, well sie kee Vertraue méi an de Lëtzebuerger Schoulsystem hunn...steet dat net symbolesch fir den Echec vun der Regierung an hirer Schoulpolitik?

Als eischt brauchen mer zu Letzebuerg dofir emol eng ëffentlech Schoul, déi der sozialer Realiteit gerecht ka ginn, dat heescht: e Réckgrat fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft. Eng Schoul an där de Problem net eréicht ugepak gëtt wann et schon ze spéit ass, mee wou d'Kanner ënnerstetzt an opgefaang ginn wann hinne vun doheem aus net ka gehollef ginn aus wéienge Grënn och ëmmer. Dowéinst fuederen déi jonk gréng flächendeckend Ganzdagsschoulen net nëmmen am Lycee, mee vun der Primaireschoul un, wou d'Kanner den néidege Support kréien, ugefaang beim Bewältegen vun den Hausaufgaben.

Mee net nëmmen am Schoulsystem si weider Reformen dringend néideg, och an de Beräicher vun der Beruffsorientéierung an dem Placement vun Aarbechtslosen besteet akuten Handlungsbedarf fir den Jugendchomage ze bekämpfen.

Domadder si mer da schon nees beim Thema 5611: Während Biltgen a co. sech ëmmer nach mat hire Schäinléisunge bretzen, vun Event zu Event pilgeren an alles schéinrieden, stelle mir jonk gréng fest, dass sech d'Lag fir déi wéinegst verbessert huet. Mat 80% vum gesetzleche Mindestloun ginn ëmmer méi Jugendlecher um Aarbechtmarché als bëlleg Schaffpäerd diskriminéiert, fräi nom Motto: „Zwee zum Präis vun Engem“. Dovun profitéiert zwar de Patron, mee net de Jugendlechen em deen et heibäi jo eigentlech goe sollt. Iwwer Demotivatioun a Frust bei de jonke Leit brauche mer eis dann och net ze wonneren.

Déi jonk gréng gleewen net, dass d'Regierungsparteien am Laf vum Joer an dëser Fro nach vill bewege wäerten, well se mat Bléck op d'Wahlen 2009 souvill schéinzerieden hunn, dass fir déi aktuell Problemer vum Land  keng Zäit méi bleiwt.

Fir déi jonk gréng hu geschwat D’Nadine Schmit an de Philippe Schockweiler