Interpellatioun: Méisproochegkeet am Schoulwiesen/Crèche

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Education et Enseignement, Enfance et Jeunesse, Migrations
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Zukünfteg soll schonn an der Crèche nieft dem Lëtzebuergeschen och mat der Förderung vun der franséischer Sprooch ugefaange ginn. Dozou, a virum Hannergrond vun eiser eemoleger, komplexer awer och räicher Sproochesituatioun, huet de gréngen Deputéierte Claude Adam dem Educatiounsminister e.a. zu folgende Froe interpelléiert:

  • Wier et an der Crèche net besser, de Kanner hier jeeweileg Mammesprooch ze förderen amplaz vum Franséischen, fir datt se iwwerhaapt emol richteg schwätze léieren?
  • Ass d’Léiere vun enger Friemsprooch am Crèchenalter wierklech e Virdeel? Huele mer de Kanner domat net wäertvoll Zäit fir d’Förderung vun der Motorik a soziale Kompetenzen ewech?
  • Bräichte mer net insgesamt an eisem Schoulsystem e méi flexibele Sproochekader, sou datt d’Friemsproochen, sief et franséisch oder däitsch, net zum Hindernis ginn?

Déi ganz Ried gëtt et hei als Video an als Text.

De Rescht vun dëser Chamberdebatt an d'Äntwert vum Minister kënn der hei kucken:

 

gréng Blogs