Internationale Fraendag 2017 – Interview mam Josée Lorsché

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Femmes
Auteurs : 
Lorsché Josée

Publié le

Den internationale Fraendag steet dëst Joer ënner dem Motto “Les femmes dans un monde du travail en évolution: une planète 50 - 50 d'ici 2030”.

Wat ass d'Zil vum internationale Fraendag 2017?

Josée Lorsché: Um Weltfraendag gëtt drop higewisen, datt weltwäit nach ëmmer manner Fraen enger bezuelter Aarbecht nogi wéi Männer. Dofir gëtt awer dee gréissten Deel vun der onbezuelter an informeller Aarbecht vu Frae geleescht. Am Duerchschnëtt leien d'Gehälter vun de Frae weltwäit ënner deene vun de Männer. Dobäi kënnt, datt d'Fraen a ville Länner net virun Diskriminéierung um Aarbechtsmaart geschützt sinn. De Fraendag ass geduecht, fir d'Problemer vun de Fraen an der Aarbechtswelt méi bekannt ze maachen an dogéint unzekämpfen.

Wéi ass d'Situatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart?

Josée Lorsché: Hei zu Lëtzebuerg maachen d'Fraen ongeféier 40,5% vum „Emploi salarié“ aus. Virun 20 Joer waren et just 36,5%. Dat beweist, datt ëmmer méi Fraen e Beruff ausüben. An de Verwaltungsréit vu grousse Betriber sinn d'Fraen awer nach ëmmer ënnerrepresentéiert a stelle just 23 % vun de Memberen duer. Grad wéi an anere Länner leeschte si och zu Lëtzebuerg dee gréissten Deel vun der onbezuelter Aarbecht a gi méi oft enger Deelzäitaarbecht no. Net akzeptabel ass, datt d'Frae fir déi selwecht Aarbecht am Privatsecteur 8,6% manner verdénge wéi hir männlech Kollegen.

Chancëgläichheet, Selwerbestëmmung a Gläichberechtegung si gréng Kär-Themen. Ginn des Themen zu Lëtzebuerg eescht geholl?

Josée Lorsché: An eisem Land ass scho vill geschitt, besonnesch an de leschte Joren. Ech erënneren un d'Gesetz iwwer déi haislech Gewalt, d'Reform vum Schwangerschaftsofbroch, d'Recht op Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen, d'Aféierung vu Quote fir d'National- an d'Europawahlen. Mä och zu Lëtzebuerg bleift nach vill ze dinn, wann et drëms geet, méi gerecht Verhältnisser ze schafen an Diskriminéierungen ze verhënneren.

Wéi schätz du déi international Entwécklung an?

Josée Lorsché: Déi ass beonrouegend. A Russland gouf déi haislech Gewalt zum Deel de-kriminaliséiert. An och aus den USA komme Signaler, déi am Géigesaz zu eise Wäerter stinn. Ech denken hei net just um Donald Trump seng erniddregend Rhetorik a säi respektlosen Ëmgang mat Fraen, mä och u Politike wéi zum Beispill un d'„Global Gag Rule“ (règle du bâillon mondiale), déi erëm agefouert an ausgedehnt ginn ass.

Wat bréngt dës Moossnahm mat sech?

Josée Lorsché: Mat dëser Moossnahm krut all amerikanesch ONG aus dem Gesondheetsberäich sämtlech Gelder gestrach, wa si de fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch ubitt oder promouvéiert. Virun allem ONGen, déi a Beräicher wéi HIV- a Malaria-Bekämpfung oder an deem vun der sexueller Gesondheet schaffen, sinn dovu betraff. D'Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt all Joer ongeféier 47.000 Fraen un engem „onséchere“ Schwangerschaftsofbroch stierwen. D'Sträiche vun dëse Gelder geet also op Käschte vun deenen äermsten a schwächste Fraen op der Welt! Déi hollännesch Kooperatiounsministesch huet zu der Schafung vun engem Kompensatiounsfong opgeruff, dee geduecht ass, fir déi betraffen ONGen ze entschiedegen. Erfreelech ass, datt eis Regierung dëse Fong wäert matfinanzéieren.

gréng Blogs