Glyphosat: 3 Froen un de Gérard Anzia

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Agriculture, Ecologie et environnement
Auteurs : 
Anzia Gérard

Publié le

Interview mam Gérard Anzia iwwer Glyphosat an eng méiglech weider Zouloossung

Firwat huet Lëtzebuerg sech beim Glyphosat elo schonn eng zweete kéier enthalen?

Gérard Anzia: Nodeems d’Ofstëmmung zum Glyphosat Ufank Mäerz reportéiert gouf, huet d’Kommissioun zwar hir Propose fir d’Zouloossung nogebessert, mä an eisen An ass och eng Zouloossung op nëmmen 9 Joer inakzeptabel. Vill vun eise Kritäre goufen net vun der Kommissioun opgeholl, an de grondsätzleche Problem vun enger Zouloossung gouf net geléist. Dofir ass Lëtzebuerg lescht Woch bei der Enthalung bliwwen.

Wat ass elo dee nächste Schrëtt am Dossier Glyphosat?

Gérard Anzia: Wëll déi aktuell Zouloossung vum Glyphosat Enn Juni ofleeft, muss d’Kommissioun geschwënn eng nei Propose maachen. Déi kéint sou ausgesinn, dass d’Mëttel nëmmen op 1-2 Joer zougelooss soll ginn, mat der Argumentatioun, dass d’Risiken an där Zäit kéinte gekläert ginn, an d’Industrie sou Zäit hätt, sech emzeorientéieren. Mir sinn awer weider géint all Verlängerung vun der Zouloossung, wëll d’Risiken ze grouss sinn a se dem Vorsorgeprinzip no gekläert musse ginn ier d’Mëttel weider däerf benotzt ginn.

Geet et dann och wierklech ouni Glyphosat?

Gérard Anzia: Jo, et geet och ouni Glyphosat. D’Industrie probéiert zwar eis vum Géigendeel ze iwwerzeegen, mä et ginn Alternativen zu Glyphosat an aner Pestiziden. Mer hunn et lescht Joer scho fäerdeg bruecht dass ab dem 1. Januar dëst Joer Pestiziden op ëffentleche Gréngfläche verbuede sinn. Dat ass een immens grousse Fortschrëtt. An et muss een nëmmen déi schéi Gréngfläche kucke wou spéit geméint gëtt (fauchage tardif); déi sinn net nëmme gutt fir d’Biodiversitéit mee och eis Beien an aner Déieren.

gréng Blogs