Girls’ Day – Boys’ Day an der grénger Fraktioun

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Enfance et Jeunesse, Femmes
Auteurs : 
déi gréng

Publié le

Dës Woch haten 9 StudentenInnen d’Geleeënheet fir am Kader vum Girls’ Day – Boys’ Day déi politesch Aarbecht vun deene grénge besser kennen ze léieren.

6 Schülerinnen an 3 Schüler hunn dës Woch déi gréng Fraktioun besicht. Hei kruten si Explikatiounen zu der politescher Aarbecht vun de Fraktiouns- a PateimataarbechterInnen a konnten eisen Députéierten (Claude Adam, Roberto Traversini) Froen zu hire politesche Carrièrë stellen. Och dobäi waren d'Catia Fernandes an de Bob Picard, déi iwwert d'Aarbecht vun deene jonke grénge geschwat hunn. No engem gemeinsame Mëttegiesse mat eiser Ëmweltministesch dem Carole Dieschbourg an eiser Presidentin dem Françoise Folmer kruten si vum Gérard Anzia eng Visite guidée vun der Chamber. Mir hunn dësen Dag alleguer genoss an déi gréng Fraktioun freet sech schonns drop, fir och d’nächst Joer de Girls’ Day – Boys’ Day rëm ze ënnerstëtzen. Méi Infoen op www.girls-day.lu

 

gréng Blogs