Genfood Nee Merci

Archive

1. Juni 2017

Haut gouf an der Chamber op gréng Initiativ eng Resolutioun eestëmmeg ugeholl, déi d’EU-Kommissioun oprifft, dräi gentechnesch manipuléiert Maiszorten net fir den Ubau an der EU fräizeginn. D’Kommissioun muss berécksiichtegen, dass d’EU-Parlament an eng Rei vun de Memberstaate sech géint OGMen op eise Felder an Telleren ausgeschwat hunn an als Konsequenz den Ubau verbidden!

Op Initiativ vun déi gréng, huet sech d‘Chamber haut per Resolutioun zum Thema Gentechnik positionnéiert. D’Lëtzebuerger Parlament rifft d’EU-Kommissioun an hire President Jean-Claude Juncker eestëmmeg dozou op d’Geneemegung fir zwou Gentech-Maiszorten („TC1507“ vun DuPont/Pioneer, „Bt11“ vu Syngenta) ze refuséieren a bei enger drëtter Zort („MON810“ vu Monsanto), d’Verlängerung vu der Geneemegung ze refuséieren. De MON810 ass momentan déi eenzeg OGM Planz déi an der EU fir den Ubau zougelooss ass a gëtt bal exklusiv a Spuenien ugebaut.
 
D’Chamber ënnerstëtzt domadder d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung déi sech ebenfalls op EU Niveau géint des „OGMen“ ausgeschwat huet. Nodeems awer weder eng „qualifizéiert Majoritéit“ vun EU Länner fir, nach géint dës dräi OGM’en gestëmmt haten, ass et elo un der EU Kommissioun fir d’final Decisioun ze huelen. D’EU Kommissioun ass elo fräi ze decidéieren, mee wäert sech viraussiichtlech just op de positiven Avis vun der EU Liewensmëttelsécherheetsbehörd EFSA stäipe fir dës OGM’en zouzeloossen, an dat obwuel beim leschte Vott vun de EU Länner net méi wéi 6 Länner vun 28 fir déi nei OGM’en, an och nëmmen 8 Länner fir de MON810 gestëmmt hun, an och eng Majoritéit vum EU Parlament sech dogéint ausgeschwat huet. 
 
Fir eis gréng ass et kloer datt dem Jean-Claude Juncker seng Kommissioun keng „technokratesch“ Geneemegung dierf ginn, mee datt se eng couragéiert an demokratesch Decisioun géint dës dräi OGM’en huele muss. Domadder wär och de MON810 net méi zougelooss an déi europäesch Felder offiziell nees OGM-fräi„, deklaréiert de gréngen Deputéierten Henri KOX, Auteur vun der Resolutioun déi haut vu sämtlechen Deputéierten ugeholl gouf.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don