Publié le
Déi Europäesch Gréng haten d’läscht Woch e grousse Kongress zu Athen organiséiert, wou sech ronn 500 Participanten selwer e Bild vun der Situatioun konnte maachen. Ziel vun dësem Treffen mam Titel „It’s about the people“ war et en Zeechen ze setzen géint blann Austeritéitspolitik an d’Effentlechkeet op den Impakt vun ze drastesche Spuermoossnamen am Alldag hinzeweisen.
Déi Lëtzebuerger Gréng waren mam (v.l.n.r.) Roland Tex, Abbes Jacoby, Dan Michels, Olaf Münichsdorfer, Caroline Hoeltgen, dem Viviane Loschetter an dem Claude Turmes (feelt op der Foto) des Kéier ganz staark vertrueden.
Während 4 Deeg konnten si sech op der Plaz iwwerzeegen, datt d’Realitéit an de Stroossen vun Athen an den Impakt op de Alldag vun de Leit wesentlech méi dramatesch sinn, wéi mir dat hei an eisen Medie matkréien: Generalstreik während 2 Deeg, eemol 100.000 an eemol 70.000 Leit an de Stroossen ronderëm d‘Parlament, Waasserwerfer, Tréinegas, Polizisten mat Gasmasken an Zaldoten mat Maschinnegewierer op all Kräizung an bei all wichtegem Gebai, eng Gesondheetsversuergung déi grad zesummebrécht, e Schoulsystem deen net méi fonctionnéiert, Jonker a Studenten déi als eenzeg Perspektiv nach d’Hoffnung op e Liewen an eng Aarbecht am Ausland hunn. D
Diktat vun der Austeritéit momentan just an en Däiwelskrees vu Chômage a Rezessioun féiert an mir deemnächst eng geféierlech sozial Explosioun riskéieren. Dat Land brauch dréngend eng méi gezielten Hëllef an net just Spuerpäk déi all Wuesstem an all Perspektiven ofwiergen.
Weider Infos op: www.europeangreens.eu
