Europäesch Flüchtlingspolitik: Interview mam Claude Adam

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères, Europe, Migrations
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

De Mëttwoch huet de lëtzebuerger Ausseminister d’Conclusioune vum extraordinärem Sommet vum Europäesche Conseil iwwer d’Flüchtlingskrise virgestallt. Dozou 3 Froen un de Claude Adam:

Krich an Doudeger um Wee an d’Immigratioun gëtt et scho laang, an et schéngt leider esou ze sinn, datt et scho grouss Zuele vu Victime musse ginn, fir datt mir an eisen europäesche Länner reagéieren, fir datt Europa reagéiert…

Claude Adam: Eng éischt Reaktioun muss natierlech déi sinn, wéi an all Katastrofesituatioun, deenen ze hëllefen, déi an Nout sinn, d.h. déi Leit retten, déi a Séinout sinn. Déi italienesch Sich- a Rettungsaktioun “Mare Nostrum”, déi am Oktober 2013 lancéiert ginn ass, hat dozou bäigedroen, datt méi ewéi 150.000 Migranten aus dem Mëttelmier gerett gi sinn. “Mare Nostrum”, wou d’italienesch Regierung ronn 114 Milliounen Euro ausginn huet, ass Enn 2014 agestallt ginn. Mare Nostre ass ersat ginn duerch déi europäesch Operatiounen « Triton » a « Poseidon » ënnert der europäescher Agence Frontex. Si haten ee Budget, deen dräimol méi niddreg war, wéi de Budget vu Mare Nostre, an d’Booter sinn och nëmme bis 30 Séimeile virun der italienescher Côte gefuer, géint virdrun 100 Séimeilen. D’EU wëll de Budget fir d’Nofolger vu Mare Nostrum verdräifachen. Domadder korrigéiere mir wuel e Feeler, mä de Problem léise mir domat sécherlech net!

Europa muss méi solidaresch handelen. Et gëtt gefuerdert, d‘Dublin Ofkommes ze reforméieren. Wat sinn d’Problemer mat dësem System?

Claude Adam: Mir däerfen d’Migratiounsflëss net méi just als extraordinären "cas d’urgence" betruechten! Mir befaassen eis hei mat engem strukturelle Problem, an duerfir brauche mir och eng strukturell Reform. Laut dem Dublin System dierften theoretesch iwwerhaapt keng Flüchtlingen aus dem Mëttelmier op Lëtzebuerg kommen. Fir déi gréng mécht dëst däitlech, datt mir eng méi gerecht Verdeelung vu Migranten an allen europäesche Memberstate brauchen. Mir sinn der Meenung, datt dëst nëmme kann iwwer Quote funktionéieren. Dës Quote mussen der Demographie souwéi der wirtschaftlecher Situatioun an all Land ugepasst ginn.

Wisou schwätzt du vun engem strukturelle Problem? Musse mer eis op permanent Flüchtlingsstréim astellen?

Claude Adam: Staark Migratiounsbeweegunge sinn et schonn ëmmer ginn. Mir kënnen dervun ausgoen, datt et mindestens zwou verschidde Gruppe vu Leit gëtt, déi wëllen iwwert d’Mëttelmier, virun allem vu Libyen aus, an Europa kommen: Déi, déi aus Konfliktzone geflücht sinn, Konfliktzonen ewéi Syrien, dem Mali, oder viru politesche Krise wéi an Eritrea. Vill vun hinnen hätte gutt Aussiichten, datt hinne géing politescht Asyl accordéiert ginn. Aner Migranten, virun allem awer net nëmmen aus Westafrika, sinn éischter economesch motivéiert. Hei stellt sech Fro vun der Schafung vu Méiglechkeete fir eng legal Immigratioun.

De ganzen Interview kann een um Claude Adam sengem Blog liesen.

gréng Blogs