Etat de la Nation 2016: Interview mam Viviane Loschetter

Archive

28. April 2016

Véier Froen un d’Fraktiounspresidentin vun déi gréng Viviane Loschetter

Wéi gesinn déi gréng den Etat de la Nation 2016?

Viviane Loschetter: Aus grénger Siicht huet eis Koalitioun et gepackt, onst Land an zwee an engem hallwe Joer rëm op déi richteg Schinn ze bréngen. Mir schaffe gutt an enk mat eise Partner zesummen, an hunn sou scho vill vun deem wat mer eis virgeholl hu realiséiert, eng Rei Mesurë gi grad finaliséiert, an eng Rei Projete sinn um Agenda vun der Regierung.

Wat ass är Reaktioun op d’Kritik, dës Regierung hätt keng Zukunftsvisioun?

Viviane Loschetter: Dës Kritik ass fir ons net berechtegt an et ass schued, dat mer mat der gréisster Oppositiounspartei net konnte konstruktiv a kontrovers diskutéieren. Am Géigesaz zu der vireschter Regierung, plange mer intensiv a konsequent fir d’Zukunft vun dësem Land. Hei kann ech beispillsweis vun Investissementer an den ëffentlechen Transport, an erneierbar Energien, an an ons Schoule schwätzen. Mir schaffen an all Beräich fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg.

Apropos Steierreform: hunn déi gréng hei net ze vill Kompromësser missen agoen?

Viviane Loschetter: Nee, dës Steierreform gouf zesummen ausgeschafft a gëtt vun ons grad esou gedroe wéi vun onse Koalitiounspartner. Déi sozial Komponenten an d’Steiergerechtegkeet sinn ons gréng besonnesch wichteg. Mat dëser Reform wierke mer gezielt géint den Aarmutsrisiko fir déi schwächste MatbiergerInnen. Donieft ass ons mat ökologesche Lenkungsmoossnamen am Steierrecht ee richtegen Duerchbroch gelongen.

Wéi gesinn déi gréng d’Aarbecht am soziale Beräich?

Viviane Loschetter: Wat d’Aarbechtslosegkeet ugeet, si mer hei op deem déifste Stand säit 2013. Dat heescht natierlech net, dass d’Aarbecht gemaach ass, mä et weist, dass eppes hei am Land geschitt. Mer sinn och immens frou, dass et endlech, wéi vum Premier ugekënnegt, ee Fortschrëtt bei der Reform vum PAN-Gesetz gëtt. Ausserdeem gëtt den RMG reforméiert. Dëst sinn Dossieren déi immens vill Biergerinnen a Bierger betreffen, an dowéinst freeë mer eis, dass frësche Wand bléist.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don