Et geet ëm méi wéi just den Index !

Catégories : 
Discours
Thèmes : 
Economie et Finances Emploi et Travail
Auteurs : 
déi gréng

Publié le

Positioun vun déi gréng zum Index an doriwwer eraus.
Am Unhang fann dir 3 Froen an 3 Äntwerten, dem Henri Kox seng Ried an der Chamber an eng gréng Motioun zum Thema.


Firwat stëmmen déi gréng fir d'Modulatioun vum Index?
Des Modulatioun vum Index séchert de Leit dräi mol 2,5 % Inflatiounsausgläich iwwert déi nächst dräi Joer. Dat ass emol sécher. Mä och Lëtzebuerg stécht an der Finanzkris an eis Economie riskéiert, an Zukunft méi lues ze dréien. Et ass wichteg, datt mer elo alles maache fir Aarbechtsplazen ze erhalen an neier ze schafen! Dofir ass et gutt, datt mer elo an der Index-Fro fir déi nächst dräi Joer eng Kompromëssléisung fonnt hunn. Déi dräi Joer mussen dann awer konsequent genotzt ginn, fir Neel mat Käpp ze maachen, sou datt d'Finanzéierung vun eisem Sozialmodell och an Zukunft ofgeséchert ass!


Wëllen déi gréng dann den Index ganz ofschafen?
Nee op kee Fall! Den Index ass eiser Meenung no en zentrale Bestanddeel vun eiser sozialer Ofsécherung.Well et awer fir de sozialen Ausgläich méi gëeegent Instrumenter gëtt, sinn déi gréng géint de „gedeckelten Index“. A mir hunn déi gréissten Zweiwel, ob et sënnvoll ass, eenzel Produkt-Kategorien aus dem Index eraus ze huelen. Dat gëllt iwwregens och fir de Pëtrol. Et ass och do méi wichteg, de Leit d'Kafkraaft ze loossen, mä hinnen dofir awer ze hëllefen, fir aus der Uelegfal ze klammen, dat heescht konkret: fir Haiser z'isoléieren, fir d'Mobilitéit douce ze förderen a fir d’Energieaarmut ze bekämpfen.


Wat wëllen déi gréng dann?
déi gréng wëllen, datt den Index erhale bleift a weider de Leit d'Inflatioun ausgläicht. An Zäite vun akuter Konjunkturkris muss awer eng Modulatioun méiglech bleiwen. Virun allem wëllen déi gréng déi dräi Joer Modulatioun notzen, fir eng méi gerecht a progressiv Steierpolitik op d'Been ze stellen, mat deeër mer dann eng sozial gerecht Ëmverdeelung finanzéiere kënnen. Dofir dierf net just iwwert den Index ma och erëm iwwert Steieren um Kapital an um Besëtz geschwat ginn. Just esou kënne mir och zukünfteg d'Finanzéierung vun eisem Sozialmodell garantéieren!

3 Froen - 3 Äntwerten

Text vun der Ried vum Henri Kox an der Chamber

Compte rendu 5, Séance publique 14, Page 149

Vidéo vun der Ried vum Henri Kox an der Chamber

Motioun