Entrevue: Nëmme matt eis!

Catégories : 
Actualité
Auteurs : 
Kmiotek Christian, Lorsché Josée, Traversini Roberto

Publié le

En Dënschde Mëtte waren de President Patrick Hurst, d’Tessy Wies an de Rigobert Rink vun der ASBL "Nëmme matt eis!" an der grénger Fraktioun, fir d’Situatioun vu Mënsche mat Behënnerungen ze diskutéieren. Si goufe vum Parteipresident Christian Kmiotek, den Deputéierte Josée Lorsché a Roberto Traversini an dem Fraktiounssekretär Dan Michels empfaangen.

Den 2011 gegrënnte Kollektiv huet Zil, d’Prinzipie vun engem selbstbestëmmte Liewe vu Mënsche mat Behënnerung, sou wéi se vun der UN Behënnerterechtskonventioun festgeluecht sinn, ze förderen. Déi wichtegst Pisten a Fuerderungen op déi si verweisen, sinn:

  • Méi behënnertegerecht Wunnenge schafen, zum Beispill bei Bauprojete vu Staat a Gemengen.
  • E selbstbestëmmtent Liewen duerch d’Schafe vun enger Assistance personelle erméiglechen. Dat géif et ville Betraffenen erlaben, doheem amplaz a Foyeren ze wunnen.
  • Ëffentlech mee och privat Gebaier an Infrastrukture méi systematesch behënnertegerecht plangen.
  • Eng Rëtsch Inkohärenze bei der Assurance dépendance behiewen.
  • En onofhängege Beoptragte vir Behënnerter aféieren.
  • Drun denken, déi Behënnert och bei klenge lokale Planungen a Chantieren anzebannen (z. B. flaach Trottoiren).

gréng Blogs