11. November 2016
Dës Woch ware Vertrieder vun der Arméi-Gewerkschaft SPAL an der grénger Fraktioun
De Claude Adam hat ee spannenden Austosch mat Vertrieder vun der Arméi-Gewerkschaft SPAL (Syndicat Professionnel de l’Armée luxembourgeoise). Zesumme mat eisem Member Reiner Hesse huet de Claude mam SPAL-President Christian Schleck an dem Generalsekretär Jean-Claude Betz iwwer d’Herausfuerderunge vun enger modernen Arméi zu Lëtzebuerg geschwat. Niewt den neien Technologien ewéi Satelliten an Drohnen, bleiwen och Personal- an Ausrüstungsfroen ee wichtegt Thema fir d’SPAL.