3. März 2017
De Claude Adam an de Roberto Traversini hu sech mat Vertrieder vu Reech eng Hand ausgetosch
Dës Woch war Reech eng Hand, eng Organisatioun déi sech fir a mat Flüchtlingen engagéiert an der grénger Fraktioun fir iwwer Erausfuerdeungen a Chancen an der Zesummenaarbecht mat Flüchtlingen ze schwätzen. D’Agnes Rausch, de Paul Estgen an d’Marie-Christine Ries hu sech mat den Deputéierten Claude Adam a Roberto Traversini iwwer den Accueil an d’Integratioun vun Demandeurs de protection internationale ausgetosch. Reech eng Hand, ee Projet initiéiert vun der kathoulescher Kierch, engagéiert sech säit annerhalwem Joer, a begleed Flüchtlingen op hirem Wee sech hei zu Lëtzebuerg ze integréieren.