Entrevue mat Palestinenseschem Unisproff

Archive

22. Mai 2017

D’lescht Woch hate mir de palestinensesche Professer a Mënscherechtsaktivist Mazin Qumsiyeh op Besuch.

De Professer Mazin Qumsiyeh, deen op Invitatioun vum CPJPO zu Lëtzebuerg ass, léiert op der Bethlehemer Universitéit an op der Universitéit vu Birzeit. Hien ass Direkter vum Palestine Museum of Natural History a vum Institute for Biodiversity Research. Nieft sengen Tätegkeeten an den Naturwëssenschaften ass hien awer och e bekannte Mënscherechtsaktivist. Hien ass och Member vun der palestinensescher grénger Partei an Auteur vu politesche Bicher (z.B. „Sharing the Land of Canaan: human rights and the Israeli/Palestinian Struggle“ a „Popular Resistance in Palestine: A history of Hope and Empowerment“).

D’Situatioun a Palestina war dann och den Haaptthema vun der Entrevue, bei där e.a. eis Parteipresidentin Francoise Folmer an eisen Deputéierte Claude Adam dobäi waren. De Professer Mazin Qumsiyeh ass der Meenung, datt en erfollegräiche Léisungsusaz vum Israel-Palestina Konflikt nëmmen op de Respekt vun de Mënscherechter kann opgebaut ginn. All aner Léisunge géife laangfristeg net fonctionnéieren. Dofir sollten d’europäesch Länner och nees verstäerkt op de Respekt vun de Mënscherechter drängen a selwer kohärent a Punkto Vëlkerrecht an der Regioun handelen.

Méi Informatiounen iwwert d’Aarbecht vum Professer Mazin Qumsiyeh fannt Dir op http://www.qumsiyeh.org/

 

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don