Entrevue mat Musik- a Konschttherapeuten

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Santé
Auteurs : 
Adam Claude, Lorsché Josée

Publié le

Vertrieder vun der Gesellschaft fir Musiktherapie (GML) an der Association Luxembourgeoise des Art-thérapeutes Diplômés (ALAtD) waren de 7. September op Besuch an der grénger Fraktioun

D’Gesellschaft fir Musiktherapie (GML) an d'Association Luxembourgeoise des Art-thérapeutes Diplômés (ALAtD) setzen sech zesumme fir d'Unerkennung vun der Konscht- a Musiktherapie als Gesondheetsberuff an. An engem interessanten Austausch mat den Deputéierte Josée Lorsché a Claude Adam hunn d’Marianne Wiltgen-Sanavia (GML), d’Sarah Guden (GML), d’Maria d’Elia (ALAtD) an d'Elena Bienfait (ALAtD) déi berufflech Situatioun vun de Musik- a Konschttherapeuten beliicht a bedauert, dass des ganz wierksam Forme vun Therapie zu Lëtzebuerg net déi néideg Unerkennung fannen an net geregelt sinn. Vill Mënschen hätten dowéinst keen Zougang dozou. Zum Beispill eeler Leit a Palliativpatienten, mee och psychesch krank Kanner a Jugendlecher kéinten e groussen Notzen doraus zéien. D’Ausbildung an d’Situatioun vun de Konscht- a Musiktherapeuten an Europa ware weider interessant Themen vum Austausch.

gréng Blogs