Entrevue mat ITGL

Archive

24. Juli 2015

Dës Woch war eng Delegatioun vun Intersex & Transgender Luxembourg asbl an der grénger Fraktioun.

Hei goufen si vun eiser Parteipräsidentin Françoise Folmer an eiser Députéiert Josée Lorsché empfaangen. De Grond vun der Entrevue war, fir nom Josée Lorsché senger Question Parlementaire bezüglech de Rechter vun den Transgender Persounen, de Point iwwert d’Situatioun vun Intersex an Transgender Leit zu Lëtzebuerg ze maachen. Diskutéiert gouf ënner anerem iwwer de grousse Problem vun der Pathologiséirung an der Psychiatriséirung vun de betraffene Persounen. Déi fräi Geschlechtsbestëmmung ënner legalen, onbürokrateschen a mënschewierdege Konditioune stoung dobäi am Mëttelpunkt. De Manktem un Opklärung a Sensibiliséierung a puncto Trans‘– an Intersex-Froe an der Gesellschaft a virun allem beim Personal vun ëffentleche Servicer a Schoulen, souwéi d’Problemer, mat deenen d‘Eltere vun Trans‘– an Intersex-Kanner konfrontéiert sinn, goufen dobäi besonnesch ervir gestrach. Fir déi gréng war dëst en interessanten a opschlussräichen Austausch. Si hunn der Delegatioun verséchert, datt si sech weiderhi fir d’Rechter vun Trans‘– an Intersex Persounen asetzen a géint all Form vun Diskriminatioun ukämpfen.

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don