Entrevue mat der UNEL

Archive

6. Januar 2016

Dësen Dënschdeg huet de Claude Adam eng Delegatioun vun der Union National des Étudiant-e-s du Luxembourg (UNEL) an der grénger Fraktioun empfaangen.

D’UNEL war bei eis, fir nach eng Kéier kënnen op hier Fuerderunge bezüglech de Studieboursen an dem „Prêt Étudiant“ anzegoen. Diskutéiert gouf awer och iwwert d’Konzept vun enger „Chambre des Étudiants„. D’UNEL an de Claude Adam waren sech eenz, dat et wichteg ass, dat virun allem Jugendlecher aus sozio-economesch benodeelegte Famille mussen adequat Hëllef vum Staat kréien, fir sech ee Studium kënnen ze finanzéieren. Och wann et am Detail vun de Positioune vun der UNEL an deene grénge sécherlech vill Ënnerscheeder gëtt, huet eng ganz interessant a konstruktiv Diskussioun dach gewisen, dat d’UNEL an déi gréng eng ganz Rei Basisiwwerleeungen deelen.

 

All d'Aktualitéit

Gitt Member

Schreift Iech an

Ënnerstëtzt eis

Maacht en don