18. März 2015
E Mëttwoch huet de Claude Turmes an d’Josée Lorsché eng Delegatioun vun der Syprolux empfaangen, fir iwwert d’Zukunft vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg an an Europa ze diskutéieren.
Ëmmer méi Leit fuere mam Zuch op d’Aarbecht. Dëst bréngt e grousse logisteschen Opwand mat sech. Ausgetosch gouf sech iwwert d’Méiglechkeeten den nationalen Zuchreseau ze verbessere fir der grousser Demande gerecht ze ginn. An enger interessanter Diskussioun gouf sech och iwwert d’Sécherheet am Zuch an de 4. Paquet ferrovière ausgetosch.