21. Januar 2015
Gëschter hunn de Claude Adam an d’Viviane Loschetter Vertrieder vum Syndicat Nationale de la Police Grand-Ducale (SNPGL), kuerz der Police-Gewerkschaft an der grénger Fraktioun empfaang.
Ausgetosch hu si sech iwwert den Impakt vun der Staatsbeamte-Reform op de Policebetrib. An deem Kontext huet d’SNPGL hire generellen Accord zur Reform erkläert, awer op hir staark Bedenken opmierksam gemat, wat déi konkret Ëmsetzung ugeet. Dat, well sech an deem Kader en administrativt Konfliktpotential erauskristaliséiert huet, wat d’Strukturen an d’Hierarchie an der Police betrëfft.